M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, haut hu mer dann endlech d’Chance, fir iwwert déi nei Investitiouns- strategie fir eise Pensiounsfong ze schwätzen; eppes, wourobber net nëmme mir Piraten, mee och eng ganz Rei Acteuren aus der Zivillgesellschaft – a mir hu se virdrun deelweis virun der Dier gesinn – gewaart hunn.
Mir gesinn als Chamber den éischte Rôle virun allem an der Opklärung beim Pensiounsfong. Mir als Politi- kerinnen a Politiker, geneesou wéi déi Responsabel vum Pensiounsfong, mussen d’Matbiergerinnen an d’Matbierger, jo d’Assuréen, méi opklären, a wat fir Firmen a Projeten d’Suen am Moment investéiert ginn.
De Pensiounsfong ass e wichtegt Instrument, mat deem Lëtzebuerg eis Zukunft an déi vun eise Kan- ner muss ofsécheren, eng Zukunft, an där Investis- sementer a feindlech Länner a fossill Energië keng Plaz wäerten hunn, keng Plaz kënnen hunn, well In- vestissementer an déi Richtung weeder sécher nach mëttel- a laangfristeg rentabel sinn. Virun allem beim Pensiounsfong ass do nach vill Nohuelbedarf.
2021 goufen nëmmen 23 Haiser abordabel duerch de Pensiounsfong verlount. Vun iwwer 24 Milliarde sinn nëmme 500 Milliounen a Produite gaangen, déi als
Zil haten, d’Äerderwäermung ënner 2 Grad Celsius ze halen. Dat si grad emol 2 %. An nee, ech hu mech net verschwat bei den 2 Grad Celsius, ech kommen nach dorobber zréck.
De Pensiounsfong huet et net gepackt an deene leschte Joren, fir déi selwer virgeschriwwe 5 % vu sengem Aktiv an Immobilien hei zu Lëtzebuerg ze in- vestéieren. Mir waren do nëmme bei 2 %. Et gouf an deene leschten zéng Joer näischt méi Rentabeles wéi den Immobiliemarché zu Lëtzebuerg an de Pensiouns- fong huet et net gepackt, do ze investéieren? Bref!
D’Zil vum Pensiounsfong ass ganz kloer – an dat krute mer an der Kommissioun ëmmer erëm gesot –, d’Ri- siken esou kleng wéi méiglech ze halen an esou breet wéi méiglech ze fächeren.
Mir Piraten sinn der Meenung, wann een dervunner schwätzt, datt een a Fonge wëllt investéieren, déi eng héich Qualitéit hunn, da muss een a Fongen inves- téieren, déi eng Zukunft hunn. A Fongen, déi a fossill Energien investéieren, déi an Atomenergie investéie- ren, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi gehéiere fir eis net derzou!
Mir Piraten mengen, et soll een ophalen ze gleewen, datt Firme wéi Shell, Total oder BP wäerte bei der Be- kämpfung vum Klimawandel hëllefen. Si weisen eis et ëmmer erëm. Shell huet bekannt gemaach, datt se d’lescht Joer 40 Milliarden Dollar verdéngt hunn. BP sot dës Woch, datt se am selwechten Zäitraum 27 Milliarde verdéngt hätten. An dann, jee nodeem, wéi eng Headline ee liest, kéint ee mengen, si wäre grouss Kämpfer fir d’gréng Zukunft, wa se soen: „Peak Oil war 2019“, fir dann am nächste Saz ze soen, datt si hiert Zil vum „net zéro“ bis 2050 fale wäerte loossen a sech just nach op eng Reduktioun vun hi- ren Emissioune vu 35 % bis 2100 wëllen engagéieren. Dat ass de Contraire vun deem, wat mer als responsa- belen Investisseur vun hinne wëllen. Se maachen de Contraire vun deem, wat eis Zukunft brauch.
D’Argument ass: „Jo, mee d’Demande fir fossill Ener- gië muss gedeckt ginn!“ Eng Demande, déi do ass, well mir genau weider an déi Secteuren investéieren. An ech mengen, genau dee Fall weist dann d’Hams- terrad, an deem mer stiechen, an deem mer duerch eis politesch Decisiounen zum Deel stiechen. Dofir soll d’Zil vun der Investitiounsstrategie bis 2028 net sinn, fir weider fossill Energien oder fossill Konsu- menten ze pushen, mee déi nohalteg Produiten ze stäerken, déi zum gréissten Deel schonn do sinn.
Fir eis sinn nohalteg Finanzproduiten och Produit- en, déi eng Äerderwäermung op maximal 1,5 Grad Celsius uviséieren, an net 2 % (veuillez lire: 2 Grad Celsius), wéi de Pensiounsfong dat virgesäit. Dat wid- dersprécht dann och erëm eisen nationalen Ziler, déi d’Regierung sech ginn huet an déi och an der neier Verfassung zumindest duerchkléngen.
De Pensiounsfong gesäit sech onofhängeg vun der Politick. Mee de Kampf géint de Klimawandel ass keng Moudeerscheinung, mee muss net nëmmen déi gréisste Prioritéit vun dëser Regierung sinn, mee vun deenen nächsten zéng Regierungen, léif Kolleeginnen a Kolleegen! 2 % investéieren a Fongen, déi d’Paräisser Klimaofkommes respektéieren, sinn do Welten ewech vun deem, wat mer maache mussen. Dat muss een hei och kloer soen: D’Entscheedung, fir verschidden Theemeberäicher net aus dem Pensiounsfong aus- zeschléissen, ass keng gesetzlech. Et ass eng reng Ent- scheedung vum Verwaltungsrot vum Pensiounsfong. Dat ass am Gesetz esou net virgesinn!
A Greenpeace huet bekanntlecherweis jo och an enger Etüd, déi eis alleguerten zougaangen ass – do- fir kann ech draus zitéieren –, dat iwwerpréiwe ge- looss. A wéi mer dunn an der Kommissioun iwwert
d’Investitiounsstrategie geschwat hunn, grad wat déi verschidden Indicen ugaangen ass, dunn ass et mer awer deelweis kal de Réck erofgelaf, mat wat fir enger Nonchalance d’Representantë vum Pensiounsfong den Deputéierten do wollten en X fir en U virmaachen. Mir krute gesot: „Mir kënnen net an nohalteg Fongen investéieren, well mer soss eis Investitiounsstrategie verletzen“, andeem gesot gouf: „Dann investéiere mer op eemol 11 % an eng bestëmmte Firma!“ Dorobber nogehaakt, gouf gesot: „A nee, nee, et ass nëmmen e Beispill.“
Mee vill méi schlëmm, an do si mer carrement – an ech soen dat mat ganz vill Oppassen op mäi Wuert – „ugeflunkert“ ginn an der Chamber, dat war, wéi de Pensiounsfong eis wollt wäismaachen, datt den MSCI Paris Aligned manner lukrativ, manner rentabel wier wéi den MSCI World. Fir déi, déi dat net wëssen: Den MSCI World ass den Index, deen de Fong hëlt, fir seng Performance ze moossen, a wou e probéiert, sech drun auszeriichten. Dat ass e Fong, deen an iw- wer 1.000 Firmen investéiert an deen dofir eng ganz breet Streeung huet a wou de Pensiounsfong eis seet: „Doduerch geet de Risiko erof.“ „An de Rendement an d’Luucht“, dat krute mer da gläichzäiteg gesot, en hätt e bessere Rendement wéi de Paris-Aligned-Fong.
Et ass just blöd, datt all déi Fonge verflicht sinn, fir hir Rendementen ëffentlech ze dokumentéieren. A wann een och nëmmen eng Kéier déi zwee Fonge bei enger gréisserer Sichmaschinn agëtt, fënnt een als éischt Resultat: genau déi Rapporten! An do gesäit een dann op eemol, datt dee Fong, nämlech den MSCI World Paris Aligned, deen a Firmen a Produiten investéiert am Aklang mam 1,5-Grad-Zil, zanter 2013 – d’Zuele si vum 31. Januar – 8,76 % Rendement pro Joer gemaach huet, géint 7,98 % am MSCI World.
Mir als Deputéiert krute gesot: „Maacht Iech do keng Hoffnungen, deen ass manner rentabel wéi den MSCI World.“ Dat kléngt wéi eng Klengegkeet. Mee ech fannen et awer dramatesch, datt mat esou Onwou- rechten, mat esou Geflunkers an enger Kommissioun muss geschafft ginn, wann d’Deputéiert sech wëllen informéieren.
A wien elo un deenen Zuelen zweifelt, deen invitéie- ren ech, d’PVe vun deene Kommissiounssëtzungen nach eng Kéier nozeliesen, wou déi Zuelen explizitt genannt goufen a wou grad beim Rendement och net drop higewise gouf, datt et sech ëm Beispiller géif handelen.
Fir eis Piraten heescht „sécher a rentabel investéie- ren“ nämlech och, datt een net méi a sougenannt „stranded assets“ investéiert. D’Stranded Assets huet den Jeremy Rifkin definéiert, een, deen hei zu Lëtze- buerg an der Chamber nach e bësse bekannt misst sinn, ëmmerhin hat Lëtzebuerg jorelaang eng souge- nannt „Rifkin-Strategie“.
(Interruption)
An en definéiert déi als Produiten, déi jeegleche Wäert verléieren, well déi Firmen, an déi een inves- téiert huet, selwer d’Welt futti maachen. Dat sinn also Produiten, wou mer wëssen, datt se an absee- barer Zäit näischt méi wäerte wäert sinn. En ass iwwerzeegt, datt d’Industrie vun de fossillen Energië wäert 2028 duerch de Wëlle vum Marché ufänken ze kollabéieren – net well mir als Mënschen esou gutt sinn, mee ganz einfach well de Marché säi Choix ge- traff huet a wëllt weiderexistéieren –, an dat, well d’Käschte vun erneierbaren Energië bis dohinner ëm- mer weider wäerte falen.
Wann eise Pensiounsfong mat dëser Strategie bis 2028 also nach ëmmer säi Geld a fossill Energien investéiert, riskéiere mir, mir alleguerten als Assu- réen, Pensiounsgelder ze verléieren duerch eng
jeudi 9 février 2023 11 | 21 Investitiounsstrategie, déi en Horizont huet, deen net
méi wäit ass wéi eis Nuesespëtzt, an déi net gesäit, wat u Megatrends am Kommen ass.
Nach haut de Moien hate mer hei an der Chamber eng Kommissiounssëtzung iwwer Megatendancen, déi vun där neier Cellule „Luxembourg Stratégie“ am Wirtschaftsministère begleet solle ginn. Ma ech géif eng Kéier de Pensiounsfong invitéieren, sech mat där Cellule kuerzzeschléissen, well wann een deenen nolauschtert, dann ass warscheinlech dat, wat am Moment hei an der Investitiounsstrategie steet, net nëmme caduc, mee souguer brandgeféierlech fir eise Pensiounssystem.
A gläichzäiteg wäert déi virgeluechte Strategie derfir suergen, datt eis eegen Transitioun méi deier gëtt, well mer net matzäiten derfir gesuergt hunn, datt déi richteg Produiten, déi eng Zukunft hunn, gefërdert ginn.
Dofir ass den Invest an erneierbar Energien an an ee- thesch Produiten net nëmme moralesch richteg, mee en ass finanziell onabdéngbar. Fossill Investissemen- ter wäerten eis Pensiounsreserve schrumpfen doen, Solarinvestissementer se weider héichhalen. Eng net nohalteg Strategie vum Pensiounsfong bis 2028 wäert eis also all deier ze stoe kommen. An deem Sënn ass d’schwaarz Lëscht vum Pensiounsfong och vill ze kleng an net transparent genuch. Mat der neier Strategie ass nämlech nach ëmmer net kloer, wat d’Krittären da fir eng schwaarz oder eng gro Lëscht sinn.
Wann ee bedenkt, wéi vill Firmen et hei op der Welt gëtt, déi e Profitt maachen duerch de Misär vun anere Leit an déi eis Welt weider verknaschten an de Klimawandel weider undreiwen, da kann et net sinn, datt mer nëmmen 137 Firmen op eiser schwaarzer Lëscht stoen hunn. Mir sinn eis jo sécher eens, datt et méi Firmen op dëser Welt gëtt wéi 137, an déi eis Pensiounsgelder net sollen investéiert ginn.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt de Pensiounsfong quasi ni vu sengem Recht als Aktio- när Gebrauch mécht, fir an deenen AGen d’Positioun vu Lëtzebuerg ze vertrieden oder iwwerhaapt emol Stellung ze huelen a verschiddene Saachen, ass fir eis net ze akzeptéieren. Et gëtt net deelgeholl oder d’Responsabilitéit gëtt deelweis souguer outgesour- cet. Dat si fir eis keng akzeptabel Zoustänn an et wier an eisen Aen en Deel vum Volet, ech zitéieren: „Enga- gement“, deen de Pensiounsfong virgesäit, e Volet, deen awer definitiv net esou eescht geholl gëtt, wéi mir eis dat wënschen.
Et ass eng verpasste Chance, léif Kolleeginnen a Kolleegen, well et ass definitiv eppes, wou d’Pensiounsfongen, wat déi gréisst Investisseuren op de Marchéë sinn, musse Responsabilitéit huele fir hir Assuréen. Well um Enn vum Dag, an dat huet all Ried- nerin a Riedner heibanne gesot, sinn dat hei jo net Suen, déi magesch op engem Kont oder magesch an engem Fong opgetaucht sinn, mee dat hei si Sue vun eis alleguerten, vun eis alleguerten als Assuréen, déi esou sollen ugeluecht ginn, datt eis Pensioune stabill kënnen ausbezuelt ginn.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, e grousse Kritickpunkt un der neier Strategie vum Pen- siounsfong ass dann och nach ganz kloer, datt keng thematesch Exklusioune gemaach solle ginn. Atom a Gas wäerten och weiderhin net ausgeschloss ginn. Ob dat sech mat der Motioun, déi d’Majoritéit elo proposéiert, wäert änneren? Ech hoffen et. Mee déi Propos, déi de Pensiounsfong virgeluecht huet, huet dat net virgesinn.
Verschidde Staatsanleie ginn net d’office ausge- schloss, verschidde Firmen, déi géint Mënscherechter
verstoussen, ginn nach ëmmer net d’office aus- geschloss. Schockéiert huet mech dann an der Kommissioun an de Mëtten heibannen de Sozialver- sécherungsminister, de Claude Haagen, dee sech net à l’aise genuch gespiert huet fir ze definéieren, wat eng Entreprise ass, déi an Atom investéiert.
De Minister Haagen sot an der Kommissioun, et kéint een net kloer soen, datt eng Entreprise, déi 5 % an Atom investéiert, eng Entreprise wier aus dem Atomsecteur. Hie sot, datt hien net kéint soen, ob een EDF, déi jo fir all Atomzentral a Frankräich zou- stänneg ass, kéint ausschléissen opgrond vun hirem Lien mat Atomstroum. Ech zitéieren aus de PVen. Mir Piraten mussen also dervun ausgoen, datt mat dëser neier Investitiounsstrategie weider wäert Geld an Atomstroum fléissen. An ech fäerten, datt d’Motioun vun de Majoritéitskolleegen e bëssen ze spéit kënnt. Lëtzebuerg hält sech also selwer net un déi Fuer- derungen, déi mer op europäeschem Plang vertrie- den. Dat mécht eis net glafwierdeg.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wat muss sech also elo nach änneren? Fir d’alleréischt brauche mer méi Transparenz an deem ganze Sys- tem, virun allem Transparenz um Niveau vun de Fir- men, déi d’Fongen an d’Indicen zesummestellen, déi mer herno kafen. Och muss ëmmer erëm e Suivi gemaach ginn. Et soll iwwerpréift ginn, datt Firmen, déi eemol vum Pensiounsfong als nohalteg age- stuuft goufen, dëst och spéiderhin nach sinn, dëst an Hisiicht op d’Gefore vum Greenwashing. Da muss de Pensiounsfong sech och méi aktiv an déi Firmen abréngen, wou mer e gewiichtegt Stëmmrecht hunn.
Nëmmen esou kënne mer sécherstellen, datt eis Inves- tissementer durabel bleiwen a mer net op eemol als Contribuabel Deel vun de Prozesser wéinst Verletzung vu Mënscherechter sinn.
Schlussendlech musse mer eis un eis eege Virgaben halen, dat heescht: Investissementer just nach a Pro- duiten, déi de Paräisser Klimaaccord respektéieren, Investissementer an de Lëtzebuerger Wunnraum. Dat heescht och: keng Investissementer a Gas an Atom.
De Kampf géint de Klimawandel ass keng Moudeer- scheinung a kee politescht Spill. An ech sot et: E muss déi gréisst Prioritéit vun deenen nächsten zéng Regie- runge sinn. Den Akaf vun nohaltege Finanzproduiten ass méi rentabel wéi all Shell-Aktie.
Wann dës Konditiounen net erfëllt sinn, kënne mir Piraten eisen Accord fir dës Strategie 2023/2028 net ginn. Ech wäert awer herno nach e bëssen Hoffnung hunn, datt d’Motioun dat zum Deel wäert änneren.
Ech soen Iech Merci.