Ëmmer erëm kennt et fir, dass Patienten trotz engem Traitement mat Antibiotik net gesond ginn, well Krankheetserreeger Resistenzen entwéckelt hunn. Wéi oft et konkret zu esou Fäll kennt, ass dobäi leider net mat Sécherheet ze bestëmmen. Obwuel divers Studien sech mat der Thematik vun der Antibiotikaresistenz befaassen, ginn et keng offiziell Zuelen, well et un enger genereller Erfaassung vu Resistenzfäll mangelt. D’Gefor, déi vun antibiotikaresistente Bakterien ausgeet, ass awer net ze ënnerschätzen. D’OECD rechent domat, dass tëscht 2015 an 2050 ronn 2.400.000 Persounen aus de Memberlänner opgrond vun antimikrobielle Resistenze verstierwe wäerten. Soulaang et awer keen offizielle Regëster gëtt, ass et schwéier d’Richtegkeet vun esou Viraussoen ze bestëmmen.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Gesondheetsminister dës Froe gestallt:
- Ginn zu Lëtzebuerg Fäll vu Patiente mat Infektiounen, déi ob Bakterien, déi Resistenze vis à vis zu Antibiotike weisen, ob enger zentraler Plaz registréiert a fir statistesch oder biomedezinesch Zwecker gespäichert?
- Falls et esou een zentrale Register gëtt: Wéi eng Informatioune gi konkret pro Infektiounsfall gespäichert?
- Falls dës Daten zu Lëtzebuerg net gesammelt ginn: Huet d’Regierung fir, Medeziner an Zukunft ze obligéiere Fäll vun antimikrobielle Resistenzen ze mellen, fir en nationale Regëster kënnen unzeleeën?
- Et ass bekannt, dass ëmmer nach méi Antibiotike verschriwwe ginn, wéi néideg wären. Mat wéi enge Mëttele well d’Regierung Antibiotikaverschreiwungen a Fäll vu viralen Erkrankungen an Zukunft reduzéieren?
- Mat wéi enge konkrete Mesurë gëtt verhënnert, dass Patienten, déi eng Infektioun hunn, déi héchstwahrscheinlech ob Bakterien zeréck geet, déi Resistenze vis a vis zu Antibiotiken opweisen, wärend Openthalter am Spidol aner Patienten ustiechen?
Wéi gesinn aktuell d’Prozeduren an de Spideeler aus, wann eng Persoun, déi eng Infektioun huet, déi ob Bakterië mat antimikrobieller Resistenz zeréck geet, stationär opgeholl gëtt?
Wéi gesinn aktuell d’Prozeduren an de Spideeler aus, wann eng Persoun, déi eng Infektioun huet, déi ob Bakterië mat antimikrobieller Resistenz zeréck geet, an de Service d’Urgence geet?
Wéi eng Mesurë sollen dës Prozeduren an Zukunft nach verbesseren?