Dateschutz: D’Reglement ass a Kraft – d’Emsëtzung kennt no?

Eigentlech heescht et ëmmer: Gesetz ass Gesetz. Wann et dem Minister Braz no geet, zielt dat heiansdo anscheinend awer net. An zwar am beschten ëmmer dann, wann d’Ëmsetzung vun engem Gesetz e wéineg Problemer bereet. Dann schéngt et, wann een dem Minister sengen Aussoen aus engem rezenten Interview gleewe kann, och bei Gesetzer, déi ouni speziell Iwwergangsreegelungen a Kraaft getruede sinn, nach Ausnamen ze ginn. Wéi anescht ass dem Minister seng Ausso “Datenschutz ist keine Steuerreform, die an einem bestimmten Tag in Kraft tritt” virum Hannergrond vun nationalen an europäesche Gesetzer a Reglementer, déi alleguer zu engem ganz konkrete Moment a Kraaft getruede sinn, ze verstoen? Gellen d’Virschrëfte vum RGPD dem Minister senger Meenung no also aktuell nach net? D’PIRATEN hunn mat enger parlamentarescher Fro beim Justizminister nogefrot, wéi seng Ausso ze interpretéieren ass. 
Hei fannt Dir déi ganz Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Justiz weiderzeleeden.

An engem Interview mat der lëtzebuergescher Dagespress zum Thema Dateschutz beim Staat gëtt de Minister zitéiert mat de Wieder « Datenschutz ist keine Steuerreform, die an einem bestimmten Tag in Kraft tritt ».

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi verdréit dës Ausso sech mam Artikel 99 vum RGPD, dee seet:“Article 99 Entrée en vigueur et application
    1.   Le présent règlement entre en vigueur le vingtième jour suivant celui de sa publication au Journal officiel de l’Union européenne.
    2.   Il est applicable à partir du 25 mai 2018.”
  • Ass et dem Minister seng Interpretatioun, datt den RGPD zënter dem 25. Mee 2018 trotz dem Artikel 99 fir Lëtzebuerg keng bannent Gëltegkeet huet?
  • Firwat huet d’Regierung sech net en amont vum Akraafttriede vum RGPD a Konformitéit mat den Ufuerderungen un den Dateschutz gesat a mécht dat elo eréischt ex post, esou datt een aktuell an enger Situatioun ass, an der ee mat potentiellen Infraktiounen einfach weiderfiert?
  • Fir d’Ausso aus der Presse ze ënnermaueren: Wéi vill Verstéiss géint den RGPD vu staatlecher Säit aus sinn dem Minister zanter dem 25. Mee 2018 bekannt? Goufen dës bei der CNPD oder aneren Autoritéite gemellt?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen