Den Artikel 2 (8) vum ofgeännerte Gesetz vum 1ten August 2007 relative à l’organisation du marché de l’électricité gesäit folgend Prozedur vir, am Fall, wou ee Client seng Rechnunge bäi sengem Stroumfournisseur net bezilt,
“”(a) En cas de non-paiement dans un délai de quinze jours à partir de la date d’échéance d’une facture, un rappel est envoyé au client par le fournisseur ;
(b) En cas de non-paiement dans un délai de quinze jours à partir de la date d’envoi du rappel visé sous a), le fournisseur informe par écrit le client en défaillance de paiement de son intention de le faire déconnecter après trente jours et lui fournit au même moment toute information utile dont au moins les coordonnées de l’office social compétent en fonction de sa résidence auquel il peut s’adresser pour pouvoir recevoir l’aide prévue par la législation afférente. Une copie de l’information par laquelle le fournisseur informe le client défaillant de son intention de le faire déconnecter après trente jours est communiquée parallèlement par le fournisseur à l’office social compétent en fonction de la résidence du client défaillant. Après le prédit délai, le gestionnaire de réseau concerné déconnecte, sur mandat écrit du fournisseur, le client en défaillance de paiement ; […]””
Et kann ëmmer mol geschéien, dass een eng Rechnung iwwersäit oder vergësst, se ze bezuelen. Dëst kann aus ganz verschiddene Grënn passéieren. Zum Beispill, wann eng Persoun ee Mount an d’Vakanz fiert a kee Bankmandat un de Fournisseur ausgestallt huet.
Allerdéngs sinn an esou Fäll déi am Gesetz genannten Delaien ze kuerz, fir als Client kënne virum zweete Rappell ze reagéieren. Do kann ee gäre mol als Client erféieren, wann ee bei sengem Retour schonn den 2te Rappell mat der Menace vun der Ofschaltung a senger Bréifkëscht fënnt, ouni mol d’Chance gehat ze hunn, d’Rechnung ze gesinn.
D’Dispositioun, déi nach aus dem Originalgesetz vun 2007 strammt an och mat der leschter Gesetzesännerung onverännert bliwwen ass, gouf als Moossnam festgeluecht, fir vulnerabele Clienten net direkt mussen de Stroum ofzekappen, wéi aus dem Rapport vum Gesetzesprojet 5605 erauszeliesen ass. Zanterdeem hunn sech am Beräich vum Dateschutz awer eng Villzuel u Reegele verännert, wat dann d’Fro opwërft, ob dës Dispositioun nach am Aklang mat den neie Prinzippie vum Dateschutz ass. D’Fro dierf gestallt ginn, ob et hautzedaags net dem Client selwer misst iwwerlooss sinn, sech an Noutsituatiounen u säin Office Social ze wennen, aplaz seng Donnéeë vum Stroumfournisseur un eng Drëttpartei weiderzereechen. Et steet heibäi ausser Fro, dass d’Energieaarmut muss verhënnert ginn, allerdéngs däerf een anerersäits d’Prinzippie vum Dateschutz net ausser Uecht loossen.
Am Gesetz ass och net präziséiert, dass d’Rappeller musse per Recommandé verschéckt ginn. Esou kann et ganz gutt sinn, dass den éischte Rappell ni beim Betraffenen ukënnt an dem Client seng Donnéeën zu Onrecht un den Office Social weidergeleet ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass d’Prozedur, wéi se aus dem uewe genannte Gesetz zitéiert sinn, konform mat den haitegen Dispositioune vum Dateschutz (GDPR an Dateschutzgesetz)?
-
Wéi oft ginn d’Sozialbüroen am Duerchschnëtt pro Joer a Kopie vun engem zweete Rappell gesat?
-
Wéi oft krute Clienten an der Zäitperiod 2017 bis 2020 de Stroum ofgeschnidden?
-
Existéieren, ausser engem Accord à l’amiable oder enger geriichtlecher Decisioun, nach aner Méiglechkeeten, an deem ee Client beweise kann, dass hien d’Rappeller vum Fournisseur ni zougestallt krut? Wär et net opportun, dass d’Fournisseure systematesch géifen den zweete Rappell per Recommandé verschécken?
-
D’Gesetz vun 2007 ass schonn e puer Mol geännert ginn a wierkt duerch déi vill Textännerungen zimmlech oniwwersiichtlech. Eng konsolidéiert Versioun vum Gesetz ass weder op Legilux, nach um Site vum ILR, nach um Site vum Energieministère ze fannen. Wäert den Energieminister eng konsolidéiert Versioun vum Gesetz online setzen?