Dateschutz bei auslännesche Krankekeesen

Duerch de bestoenden EU- a Schengenraum, kann all Matbierger sech am Ausland medezinesch behandele loossen a gläichzäiteg vun der Méiglechkeet profitéieren, d’Behandlungskäschte vun der CNS rembourséiert ze kréien. Fir dass d’CNS dës Sue kann zréckiwwerweisen, gëtt eng demande de tarification un déi auslännesch Krankekeess geschéckt. Elo kann et awer sinn, dass dës auslännesch Krankekeess och Behandlungsresultater freet, fir eng Ofrechnung opzestellen. Falls een dës Resultater net weidergëtt, gëtt keng Ofrechnung gemaach an de Patient bléift op de Behandlungskäschte sëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet eng auslännesch Krankekeess d’Recht, no Behandlungsresultater als Konditioun fir eng Ofrechnung ze froen?

  2. Wat geschitt, falls ee Patient net bereet ass, seng Resultater mat dëser auslännescher Krankekeess ze deelen? Huet en dann trotzdeem d’Recht op ee Remboursement?  Wann jo, no ewéi engem Tarif gëtt de Patient da rembourséiert, nom auslänneschen oder nom lëtzebuergeschen?

  3. Wéi kann ee Patient sech wieren, wann e vun enger auslännescher Krankekeess opgefuerdert gëtt, Informatiounen iwwert säi Gesondheetszoustand erauszeginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2971

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt