COVID-19: Verspéite Mesuren bei positive Fäll a Schoulklassen

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un de Minister fir Bildung weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 2850, an där ech wësse wollt, wéi d’Léierpersonal virgoe soll, wann Eltere si iwwert eng Covid-Infektioun innerhalb vun hirer Klass informéieren, éier si vun der Santé kontaktéiert ginn, huet de Minister gesot:

Et läit op der Hand, datt den Titulaire de classe, dee vun den Elteren iwwert d’COVID-19-lnfektioun vun hirem Kand informeiert gouf, des lnformatioun, iwwert d’Regionaldirektioun respektiv d’Lyceesdirektioun un d’Cellule de coordination weiderleet. A Recksprooch mat der Direktioun vun der Sante ennerhelt des all weider Schrëtt fir jee no Situatioun enger Verbreedung vum Virus efficace entgeintzewierken.
[…]
Ewei et aus de Circulairen un d’Schoul- an d’Lyceespersonal evirgeet, gett mäi Ministere, soubal e vun enger Direktioun informeiert gett, dass eng Covid-19-lnfektioun an enger Schoul virläit, dest weider un d’Cellule de Coordination. Des Cellule mecht op deeglecher Basis e Rapport zur aktueller Situatioun an de Schoulen a steet all Dag a Kontakt mam Comite de Pilotage “Covid-19 and Education”. Wann et neideg wier, kann dese Comite de Pilotage dei neideg Mesure decideieren.

D’Mesure vun der Quarantän ennerläit hei der Autoriteit vun der Direktioun vun der Sante. Nemme si dierf heifir den Accord ginn a bestemmte Schüler, Klassen oder ganz Cyclen a Quarantän setzen.

Ouni en Accord vun der Direktioun vun der Santé kann eng Schoulklass soumat net vum Presenzunterrëcht ausgeschloss an a Quarantän gesat ginn.

Opgrond vun den aktuell héijen Infektiounszuelen hunn d’Cellule de coordination, de Comite de Pilotage “Covid-19 and Education” an d’Direktioun vun der Santé zurzäit awer esou vill Fäll ze traitéieren, dass et hinnen net ëmmer méiglech ass, an engem Delai ze reagéieren, deen et hinne wierklech géif erlaben, enger Verbreedung vum Virus beschtméiglech entgeintzewierken.

Esou ass et z. B. e Méindeg an enger Schoul aus dem Fondamental hei am Land zu enger Situatioun komm, wou eng Klass, aus där dräi Kanner positiv op de Virus getest goufen, trotzdeem an d’Schoul huet misste goen, well d’Direktioun vun der Santé nach keng Quarantän ausgeschwat hat, just fir dass d’Kanner du Mëttes op Uerder vum Ministère awer nees Heem geschéckt gi sinn.
An der selwechter Gemeng sinn och nach aner Klassen am Homeschooling.

  1. Kann de Minister bestätegen, dass et opgrond vun den aktuell héijen Infektiounszuele Problemer gëtt, Quarantainen zäitno no engem positiven Testresultat ze ordonéieren?
  2. Hält d’Regierung un där an der Äntwert op d’Fro Nummer 2850 beschriwwener Prozedur fest, dass et enger Schoul net erlaabt ass, eng Klass a Quarantän ze setzen, éier eng Ordonnance vun der Direktioun vun der Santé virläit?
    Falls jo: Wéi wëll de Minister verhënneren, dass et an Zukunft zu weidere Fäll, wéi deem hei beschriwwene kennt?
    Falls nee: Wéi gesinn déi nei Prozeduren aus a kréien d’Regionaldirektioune méi Pouvoiren, wann et drëms geet Klassen a Quarantain ze setzen? Kritt och den Educatiounsministère zousätzlech Kompetenzen, wann et drëms geet, Klassen a Quarantain ze setzen?

Fro n°3197

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir