Aarbechtslos ginn wärend der COVID-19-Pandemie: wéi eng Reegele gëlle fir Aarbechter mat engem CDD/Interimskontrakt?

Am Kader vun der COVID-19-Pandemie, huet d’Regierung d’Decisioun geholl, fir d’Entreprisen an dëse schwéieren Zäiten z’ënnerstëtzen. Eng vun dëse Mesuren ass de Chômage partiel. De Chômage partiel ka souwuel vun Employéë mat engem CDI, wéi och vun deene mat engem CDD ugefrot ginn. 

Fir verschidde Leit, déi sech aktuell an engem CDD oder Interimskontrakt befannen an, erginn sech aus dëser Situatioun gewëssen Onsécherheeten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe stellen:

  1. Am Fall wou de Chômage refuséiert gëtt, besteet fir Aarbechtssichender d’Méiglechkeet bei den Offices sociaux eng Demande fir de REVIS ze stellen. Wëssend, datt et sech ëm eng Gemengekompetenz handelt, goufe vun der Regierung Mesure getraff, fir d’Prozedur vun der Demande ob de REVIS z’acceleréieren?
  2. Wat ass aktuell d’Situatioun vun deenen Employéen, déi ee CDD/Interimskontrakt mat vun enger Dauer vu manner wéi 6 Méint haten– déi deemno manner wéi 26 Woche cotiséiert hunn – an deen hire Kontrakt wärend dem Etat de Crise ausleeft? Ass fir dës Employéen, opgrond vun den aktuellen Ëmstänn, ee Recht op Chômage, Chômage partiel, Revis oder soss eng Indemnitéit virgesinn?

Traduction française (la version luxembourgeoise faisant foi)

Dans le cadre de la pandémie COVID-19, le gouvernement a pris la décision de soutenir les entreprises en ces temps difficiles. L’une de ces mesures est le chômage partiel. Le chômage partiel peut être demandé aussi bien par les employés qui se trouvent sous un contrat du régime CDI que par ceux disposant d’un CDD.

Pour certaines personnes qui sont actuellement en CDD ou en contrat intérimaire, cette situation entraîne des incertitudes.

Dans ce contexte, nous avons posé les questions suivantes au gouvernement:

  1. En cas de rejet du chômage, les demandeurs d’emploi ont la possibilité de demander le REVIS auprès des offices sociaux. Sachant qu’il s’agit d’une compétence communale, est-ce que le gouvernement a prévu des mesures pour accélérer le processus de demande de REVIS?
  2. Quelle est actuellement la situation des employés qui ont un CDD / contrat intérimaire d’une durée inférieure à 6 mois (qui ont donc cotisé moins de 26 semaines) et dont le contrat se termine maintenant en période de crise? Dans les circonstances actuelles, est-ce que ces employés auront droit au chômage, au chômage partiel, au REVIS une autre indemnisation quelconque?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene