Gratis Civiques- a Sproochecourse fir Lëtzebuerger am Ausland

Context:Proposition de loi 7793

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • De Gesetzesvirschlag 7793 freet eng Verlängerung vun der Recouvrementsprozedur;
  • An hirer Positioun zum Gesetzesvirschlag 7793 schreift d’Regierung: “Aucune résidence sur le territoire luxembourgeois n’est exigée. Aucune connaissance de la langue luxembourgeoise n’est demandée. La participation au dispositif « Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg » n’est pas non plus requise. […] aucun effort d’intégration au Grand-Duché de Luxembourg n’est exigé de la part des candidats au recouvrement de l’article 89. En termes d’accès à la nationalité luxembourgeoise, les candidats au recouvrement de l’article 89 sont donc largement avantagés par rapport aux candidats à la naturalisation, qui peuvent se sentir désavantagés.” Der Regierung feelt ee perséinlechen Ustrengungsfaktor an der Recouvrementsprozedur;
  • D’lëtzebuerger Nofahre wunnen deelweis ganz wäit ewech a kënnen net un présentielle Coursen hei am Land deelhuelen;
  • Den INL (Institut National des Langues) an aner Instituter bidden elo schonns de Cours „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg“ a Sproochecoursen un, zum Deel och online;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. dass de Persounen déi d’Recouvrementsprozedur erfollegräich ofgeschloss hunn, eng gratis Offer fir online Sproochen- a Civiquescourse gemaach gëtt.

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023