Marc Georgen:
Merci, Här President.
Mir Piraten si frou, dass d’Parlament haut iwwert déi berüchtegt Gemengereform dierf schwätzen, a soen dofir Merci.
Jo, eng Reform ass eppes, wat laang Zäit brauch a wat seng Zäit brauch, bevir et wierklech ëmgesat gëtt. Trotzdeem hoffe mir, dass et virun 2023 wäert geschéien. Et ass och a sech ganz gutt, dass d’Ministesch an hir Mataarbechter am Ministère sech Zäit huelen, fir dat Ganzt seriö ze maachen, an d’Mataarbechter souwéi d’Bierger froen, fir Iddien a Verbesserungsvirschléi ze kréien. Et dierf een dat awer och elo net als Excuse huelen, fir herno op Zäit ze spillen.
Mat der Approche vun der Madamm Ministesch, wéi se an de Rapporten duergestallt gëtt, si mir Piraten och ganz averstanen. Et goufe vill Leit gefrot an eleng bei der Enquête um Internet hunn der 5.600 matgemaach, wat natierlech weist, dass
d’Leit un hire Gemengen interesséiert sinn. Et goufen niewebäi och eng Rei Workshops gemaach an et muss een da wierklech soen, wat d’Diskussioune mat de Leit um Terrain ugeet, do huet de Ministère villes richteg gemaach an dat kann een op dëser Plaz och eng Kéier luewen.
Ech muss awer bei deem ganze Prozess vun der Gemengereform och eng Klammer opmaachen. Mir Piraten géifen nämlech proposéieren, trotz Reform haut scho verschidde politesch Dossieren an Ugrëff ze huelen. Mir kënnen net fir alles, wat u Problemer oder Verbesserungen opsteet, op d’Gemengereform waarden an op d’Zukunft vertréischt ginn. Denke mir do zum Beispill un een Dossier, wou ech eng
parlamentaresch Fro gestallt hat souwéi eng Demande, fir dass mer de Projet an der Chamberskommissioun schnell kënnen upake fir virunzekommen: an zwar dee vun den Direktere vun de Gemengesyndicaten.
D’politesch Aarbecht kann net wéinst engem groussen Dossier op eenzelne Punkten op Äis geluecht ginn. Déi ugekënnegt Gemengereform léisst nach eng Zäit op sech waarden a wäert sécher net esou schnell fäerdeg ginn, bis all déi Iddien an engem Gesetzesprojet iwwerschriwwe gi sinn. Et muss dach ëmmer méiglech sinn, punktuell legislativ Ännerungen am Gesetz ze maachen an déi dann duerno an d’Reform matzehuelen.
Mee op jidde Fall si mir Piraten awer ganz positiv op de Rapport agestëmmt, deen eis vun der Ministesch virgeluecht gouf. En ass natierlech nach net perfekt. Et muss een ëmmer bedenken, dass et eng Momentopnam ass an och net all d’Meenungen zu 100 % hei vertruede sinn. Mee et léisst awer gutt duerchblécken, wou d’Tendenzen an d’Prioritéite vun de Leit leien.
Wat d’Propositioune vum Ministère ugeet, déi am Rapport sinn, do wäert ech op verschiddener agoen, mee aus Zäitmangel leider net op se alleguer.
Betreffend de Congé politique bei de Gemengeréit: Jo, et muss gekuckt ginn, dass dëse reforméiert gëtt, well mir wëllen net, dass just eenzel Beruffsgruppe sech an der Politik engagéiere kënnen. D’Politik soll vun alle Bierger kënne gemaach ginn. Dofir musse mer awer och Mënschen aus der ganzer Gesellschaft an alle Beruffer d’Méiglechkeet gi matzemaachen. De Politiker, dee bis 18.00 Auer schafft, muss d’Méiglechkeet kréien, och um Gemengerot deelzehuelen. De Congé politique muss de Leit eng Garantie ginn, hiert Mandat kënne fräi auszeüben. Mir ginn och esou wäit a soen: An de grousse Gemenge sollen d’Schäffen op 40 Stonnen erhéicht ginn, well och hir Funktioun ass wichteg, jo – mir ginn esou wäit -, a verschiddenen Dossieren esou wichteg wéi déi vum Buergermeeschter selwer. An awer hu si de Kapp nach hallef an engem aneren Job. An dat ass net seriö, fir eng grouss Gemeng ze féieren.
Wat awer och muss ugepaakt ginn, ass den onfairen Ënnerscheed tëscht dem Material fir d’Majoritéitsparteien an dem Gemengerot an deem fir d’Oppositiounsparteien. Et kann net sinn, dass eng Majoritéitspartei ka Büroen, Konferenzraim, Material, Beamten etc. an der Gemengeverwaltung aspanne fir hir Aarbecht, wärend d’Oppositioun mol net dierf eng Versammlung am selwechte Gebai ofhalen, keng Bierger empfänken dierf oder just begrenzten Zougang zu Informatioune kritt. Dat ass wéi an der Chamber: Just Regierungsparteien dierfe mat Informatiounen a Material ausgestatt ginn. Am neie Gesetz muss d’Oppositioun gestäerkt ginn. A kuckt een duerch d’Land, ass all hei vertruede Partei iergendwou an der Oppositioun.
Wat d’Propositioun ugeet, méi Biergerbedeelegung unzegoen, dovunner schwätze mir Piraten schonn zënter eiser Grënnung. Wéi am Rapport ze liesen ass, reklaméiere 26 % vun de Betraffenen e Mangel un Offer, un Attraktivitéit. Dat weist, dass d’Politiker méi aktiv op d’Bierger mussen zougoen, fir hinnen dës Offeren ze maachen. Eis konkreet Propos vum Biergerrot, dee vun dëser Regierung leider ofgeleent gouf, sollt och op lokalem Niveau ëmgesat ginn, fir d’Leit méi an d’Geschéie vun hirer Gemeng anzebannen. A mir schwätzen hei net vu consultative Kommissiounen, wou an eisen Ae vill ze vill vun de politische Parteien decidéiert gëtt, wéi eng Memberen do erakommen, mee vun enger richteger Biergerbedeelegung. Eis Iddi ass, dass och Bierger ouni Parteikaart aktiv an der Gemengepolitik kënne matmaachen.
Wat d’Propositioun vun der Digitaliséierung betrëfft, do soe mir Piraten ganz kloer, dass et keng Saach ass vu Wëllen oder Netwëllen, et ass eng Noutwendegkeet. A wann de Staat de Wee vun der Digitaliséierung geet, muss een dovunner ewechkommen ze mengen, dass d’Digitaliséierung bedeit, dass een e Blat ascanne kann an dat dann als PDF weiderschéckt. Mir sollten hei op interaktiv Plattforme setze mat authentifizéierte Login-Systemer. MyGuichet kann also roueg nach op d’Gemengen ausgebaut ginn.
Ma d’Méiglechkeeten an de Gewënn vun der Digitaliséierung sinn enorm. D’Iddi ass do zum Beispill, fir dem Bierger iwwer eng App méi Méiglechkeeten ze ginn, fir kënne matzebestëmmen, wat a senger Gemeng geschitt. Esou Appe kënnen och genotzt ginn,
fir d’Iddie vun de Bierger ze sammelen, fir kleng Projete vum Bierger ze realiséieren. D’Digitaliséierung mécht d’Dieren op fir méi Biergerbedeelegung.
Vun der Digitaliséierung profitéiert dann och d’Transparenz, well de Bierger sech informéiere kann. Et ass u sech schued, dass am Rapport vun der Internetenquête keng Oplëschtung gemaach gouf, déi tëscht méi klengen a grousse Gemengen ënnerscheet, well mir sinn eis sécher, dass et do Ënnerscheeder gëtt, jee nodeem wéi déi eenzel Gemengen opgestallt sinn. Wärend eenzel grouss Gemengen d’Gemengerotssëtzungen ophuelen a souguer vereenzelt filmen, kréie Bierger a klenge Gemengen heiansdo just e schrëftleche Rapport, wat decidéiert gouf, dat als Zesummefaassung vun enger Werbeagentur oder engem Beamten. Dat ass keng Transparenz!
Mir Piraten fannen, hei misst e Mindestmooss un Transparenz geschaf ginn am Gesetz, wat e Gemengerot muss un Informatioune verëffentlechen. Et brauch an eisen Aen eng Verflichtung fir all Gemeng, hir Gemengerotssëtzungen ze filmen an déi op den Internet ze setzen. Et kann net sinn, dass iwwer Gemengebudget ganz Werbereportagë fir e Buergermeeschter an engem Gemengekanal finanzéiert ginn, awer déi politesch Bedeelegung dann net gestreamt gëtt.
Eng mir bekannte Gemeng huet souguer ganzt Material opgestallt, streamt de Gemengerot op en anere Stack am selwechte Gebai fir d’Press, bréngt et awer net fäerdeg, dee selwechte Stream am Internet fir d’Bierger zur Verfügung ze stellen, net wéinst der Technik, mee wéinst der Verweigerung vun der Biergerbedeelegung.
Allgemeng huet d’Situatioun eis och gewisen: D’Politik muss ophalen, vum Bierger ze erwaarden, dass hie sech an d’Gemeng deplacéiert. Am Géigendeel: D’Gemeng muss bei de Bierger! Si muss sech opmaachen, modern, fair an transparent.
Am Rapport hunn d’Bierger sech geäussert zu Saachen, mat deene se ganz a guer net zefridde sinn an hirer Gemeng. An do falen, ouni Iwwerraschung, de Logement, d’Mobilitéit, d’Ëmwelt an d’Sécherheet dran.
Wat de Logement an d’Mobilitéit betrëfft, do stellt sech natierlech d’Fro vun de Kompetenzen. Et ass awer jidderengem kloer, dass d’Wunnengen hei zu Lëtzebuerg vill méi deier sinn an dass d’Ubannung un den ëffentlechen Transport nach net iwwerall gutt genuch ass. A gréissere Gemenge geet et nach eenegermoossen. Mee wat ee méi wäit an d’Peripherie kënnt, wat een dann och mol eng Stonn op de Bus waarde muss. Do gëtt dann d’Fro opgeworf vun de Kompetenzen, wien elo wat organiséiere soll, de Staat oder d’Gemeng. Mee dat ass de Bierger eigentlech zimmlech egal. De Bierger wëllt eng Léisung hunn, fir dass säin ëffentlechen Transport fonctionéiert.
Wat de Wunnengsbau ugeet, do vertriede mir Piraten weiderhin d’Positioun: D’Gemengen, d’ëffentlech Baudréier an de Staat musse selwer d’Saach an d’Hand huelen. D’Sue musse fléissen, fir dass mer méi bezuelbare Wunnraum, staatleche Wunnraum um Marché hunn, an dat fir zéng Euro de Meterkaree. All déi ëffentlech Acteure kënnen an eisen Ae selwer ufänke mat bauen. Am Rapport vum Observatoire de l’habitat vum Februar 2019 gëtt geschwat vun 53 Hektar Baulücken an ëffentlecher Hand plus 257 Hektar weiderem Bauland, dat heescht Terrainen, déi direkt kënne bebaut ginn. Mee wéi vill vun deenen Terraine sinn da mëttlerweil scho bebaut?
Mir Piraten bleiwe bei der Formel eeben dofir, dass d’Gemenge solle méi Méiglechkeete kréien, fir an de Mietkauf eranzegoen a soumat hire Bierger konsequent ze hëllefen.
Mir Piraten sinn, wéi ech scho gesot hunn, averstane mam Rapport, luewen d’Aarbecht vun de Beamten, déi dëse Rapport opgestallt hunn, mee et ass leider nëmmen e Rapport. Wat elo doraus gemaach gëtt, läit an den Hänn vun dëser Regierung, awer och vun eisem Parlament. Ass dës Koalitioun couragéis genuch, fir wierklech grondleeënd Ännerungen unzegoen, déi eist Land an eis Gemenge brauchen?
Mir Piraten hu ganz kloer een Zil bei dëser Reform am Bléck: D’Reform vun de Gemenge muss am Interessi vum Bierger geschéien. Et geet hei net drëms, dass d’Buergermeeschteren an hir Schäffen hir politesch Iwwerzeegungen ausbauen an dass d’Politiker méi Rechter kréien, et geet drëms, dass all Bierger sech op lokalem Niveau abanne kann a sech vertruede fillt. Et geet drëms, dass de Bierger op exzellent Servicer kann zréckgräifen.
Merci.
- February 6, 2025
- 2:36 pm
- Parlamentaresch Froen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat