Consultatiounsdebatt iwwert de Rapport vum Spezialfong fir de Logement

Marc Goergen:
Merci, Här President.
Viru ronn engem Joer hu mir hei an der Chamber alleguerten e Gesetz gestëmmt, mat
deem decidéiert gouf, déi verschidden Ausgabe vum Staat am Beräich Logement an engem eenzelne Fong ze bündelen. Doduerch gouf et der Regierung erlaabt, méi Iwwersiicht iwwert d’Ausgaben ze hunn, déi am Logement gemaach ginn. Et handelt sech bei dësem Fong an éischter Linn ëm e Kontrollinstrument. Et geet dorëm, d’Ausgabe vun der ëffentlecher Hand méi schnell, méi effikass an och méi transparent ze gestalten. Dat sot och de Minister Kox d’lescht Joer hei an der Chamber.
De Minister hat och gesot, dass et wichteg wier ze kucken: Wou gëtt investéiert? Wéi vill gëtt investéiert? An a wat gëtt investéiert? Esou wäit, esou gutt. Wa mir eis dann den éischte Rapport vum Logementsministère ukucken, kréie mer emol en Iwwerbléck iwwert déi plakeg Zuelen: 300 Bauprojeten a bal 3.000 Wunnengen, déi aktuell am Bau
sinn. Derbäi kommen nach 1.300 Ar Terrainen, op déi weider 400 Wunnenge kënne gebaut ginn. Bis 2025 rechent de Ministère mat 4.300 Wunnengen,
déi kënne gebaut ginn – et sinn nach gutt véier Joer
bis dohin.
Dat kléngt jo emol gutt, wann ee sech dat esou uliest. Wann een awer e bësse méi an de Rapport erageet, wéi vill Leit eleng op der Waardelëscht vum Fonds du logement stinn, déi „elo“ Hëllef brauchen, fir zu engem faire Präis kënnen zu Lëtzebuerg ze liewen, dann ännert d’Bild sech scho ganz schnell: 6.500 op de Waardelëschte bei der SNHBM, 3.800 op der Lëscht vum Fonds du logement – an hei schwätze mer nëmme vun deene Leit, déi wierklech Hoffnung hunn, eng erschwénglech Wunneng ze kréien. D’Donkelziffer u Leit, déi wéinst dem Logement an d’Aarmut gedréckt ginn, ass vill méi héich. Vill Mënschen hunn emol keng Hoffnung, dass si iergendeng Kéier eng bezuelbar Wunneng wäerte kréien. Si probéieren dofir emol guer net, sech op déi Waardelëschten anzeschreiwen. Zu Recht, muss ech leider soen, well bei esou enger Waardelëscht kritt een einfach d’Flemm.
Stand haut a Stand d’nächst Joer feelen nach ëmmer Wunnengen hei am Land fir Zéngdausende vu Leit. Dozou kënnt, dass déi ganz grouss Bauprojeten eréischt a gutt 10 bis 20 Joer, wann alles riichtgeet, wäerte fäerdeg sinn. Bis dohinner si mer heibannen alleguerten e Stéck méi gro. Ma grad dëst weist, dass dës Regierung, déi jo awer zënter 2013 am Amt ass, elo och an der Verantwortung ass fir déi aktuell Situatioun an net genuch Léisunge bruecht huet.
Wéi eng Perspektive gi mer de Leit hei am Land, wa mer hinne soen, dass se eventuell a 5 bis 20 Joer eng gënschteg Wunneng wäerte kréien? Musse si dann nach 20 Joer schaffe goen, fir nëmmen de Loyer kënnen ze bezuelen? An da spéider nach weider 30 Joer, fir en Appartement oder en Haus ofzebezuelen? Ass dat den Dram, deen dës Regierung fir Lëtzebuerg huet? Fir mech kléngt dat éischter no engem Albdram.
An da kënnt nach derbäi, dass déi Wunnengen, déi vun der ëffentlecher Hand gebaut ginn, oft nach vill ze deier si fir déi meescht Leit. Scho beim Finanzéierungsgesetz vum Projet Elmen hat ech dat d’lescht Joer gesot, dass Dir musst ophalen, d’Wuert „abordabelen“ oder „erschwéngleche“ Wunnengsraum egal wéi ze benotzen. Pauschal 400.000 oder 600.000 Euro ze froe fir en Appartement oder en Haus, dat mat Steiergelder gebaut gouf, dat ass fir eis Piraten net an der Rei. A jo, soziale Wunnengsbau ass nun emol net, fir Profitt ze maachen an et kascht de Staat och Geld. Sozial heescht, fir d’éischt un d’Leit denken, net un de Budget.
All Haiser an Appartementer, déi mat Steiergelder gebaut ginn, missten an eisen Aen un déi reell Salairë vun de Leit ugepasst ginn an net, wéi beim Projet Elmen ze gesinn, zu fixe Präisser. Sozialen an abordabele Wunnengsraum heescht, dass och eng Famill mam Mindestloun soll kënnen an engem Appartement oder Haus wunnen. Ma dovunner si mer aktuell nach wäit ewech.
Wéi soll eng Persoun, déi e bësse méi wéi de Mindestloun verdéngt, an de Genoss kommen, en Appartement oder souguer en Haus ze kafen? Wou huelen Alengerzéiend, déi souwisou schonn duerch hir Steierklass genuch gestrooft ginn, d’Suen hier,
fir sech eppes ze kafen? Wou huelen déi Jonk, déi frësch vun der Uni kommen, déi Suen hier?
Fir eis Piraten muss dofir elo gehandelt ginn! Fir där Erausfuerderung gerecht ze ginn, missten d’Ausgaben am Wunnengsfong fir de soziale Wunnengsbau mindestens duebel esou grouss sinn, fir dass bei de Leit um Enn och wierklech eppes ukënnt.
Mir sinn derfir, dass Wunnenge solle fir zéng Euro de Meterkaree verlount ginn, dat a Form vun engem Mietkauf, soudass een de Loyer ugerechent kritt, wann een duerno d’Appartement oder d’Haus wéilt kafen. Dat ass fair a sozial.
An et muss och gekuckt ginn, dass déi puer Wunnengen, déi an den nächste Joren op de Maart kommen, virun allem bei deene Leit ukommen, déi se elo wierklech brauchen. Dat heescht och, dass mer musse prioriséiere fir déi nächst Joren. Et ass e bësse wéi beim Impfstoff: Mir hu méi Leit, déi eng Wunneng brauchen, wéi et Wunnenge gëtt. Bei
staatleche Projete muss dofir gekuckt ginn, dass elo virun allem déi Leit drukommen, déi jorelaang an enger Gemeng gewunnt hunn, do opgewuess sinn, do an d’Schoul gaange sinn. Et dierf net sinn, dass Jonk an Al aus hire Gemenge gedréckt ginn, well keng Plaz méi fir si do ass oder well se Kanner grousszéie wëllen. Hei misst e feste Prozentsaz un ëffentleche Wunnengen deene Leit zeguttkommen, déi an hirer Gemeng wëlle wunne bleiwen.
Och wa mir Piraten de Fong begréissen a fir nëtzlech halen, esou muss een als Fazit vun der Wunnengspolitik soen: Et geet nach net duer!
Merci.

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert