Commission consultative communale d’intégration

D’Integratiounsgesetz vum 16ten Dezember 2008 verflicht all Gemeng eng „commission consultative communale d’intégration“ ze hunn. De Reglement Grand-Ducal vum 15ten November 2011 preziséiert, dass des Kommissioun 4 mol d’Joer aberuff an de Rapport vun deem Zesummekommen un de Ministère fir Integratioun geschéckt sollt gi. En anert Instrument, wat vun de Gemenge benotzt ka ginn, ass de „Plan communal Intégration“ (PCI).

An deem Zesummenhang huet den Sven Clement Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Gemengen,  
    • hunn dem Ministère am Joer 2019 déi virgeschriwwe Rapporten zoukomme gelooss?
    • sinn hire Verflichtungen nokomm an hunn déi 4 Versammlungen aberuff?
  • Wéi vill Gemengeréit sinn de Missioune vum Artikel 1 (2) vum Reglement nokomm?
  • Wéi kontrolléiert de Ministère, ob den Avis vun der Kommissioun bezüglech folgende Punkte gefrot gi ass:
    • Der Opnam- an Integratiounsmesuren an der Gemeng
    • Der Sensibiliséierung vun de Migranten un de Gemengewalen deelzehuelen
    • Matdeele vun de Reglementer iwwert d’Benotze vun de sportlechen a kulturellen Infrastrukture vun der Gemeng
  • Wéi vill Gemengen hunn en PCI opgesat a wéi vill hunn an deem Kader vun enger finanzieller Hëllef profitéiert?
  • Ass et virgesinn, dass d’Gemengen hiren erfollegräiche PCI mat anere Gemengen deelen?
  • Gëtt d’Integratiounsgesetz an noer Zukunft un déi haiteg Erausfuerderungen ugepasst? Wann jo, wéini ?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene