Christophe Quintus

Mäin Numm ass Christophe Quintus, ech komme vu Péiteng a sinn 28 Joer jonk.
Nodeems ech meng 13e am Joer 2012 am LTMA zu Péiteng gemaach hunn, sinn ech och nach e BTS als „Gestionnaire Comptable Fiscal“ an den ECG um Geesseknäppche maache gaangen.

No e puer kuerze Jobs hunn ech dann am Februar 2017 meng Nominatioun am Escher Theater als Fonctionnaire Communal kritt.

Säit der Grënnung (2009) hunn ech mat den Iddie vun der Piratepartei sympathiséiert. Dat kënnt awer och well ech um internationale Mouvement vun de Piraten interesséiert war. Dëse Mouvement huet sech jo aus verschiddene Kreesser (Hacker, Internet Aktivisten, Hacktivisten asw.) forméiert, déi sech un der bekannter Hackerethik inspiréiert hunn. Et huet awer bis 2011-2012 (Manif géint Acta) gedauert bis ech dann och en aktive Member gi sinn. Bei de lëschte Landeswahlen am Joer 2013 war ech iwwregens och dobäi. Vum Dezember 2015 bis Dezember 2017 war ech zweemol hannert enee President vun de Jonke Piraten, wou ech mech mat de Problemer a politeschen Interesse vun de Jugendleche befaasst hunn.

Zu menge politesche Kärtheme gehéieren netzpolitesch Themen, Dateschutz,Transparenz vum staatlechen Apparat souwéi och Mobilitéit, Weiderentwécklung vu Wëssenschaft, Ëmweltschutz an natierlech d’Bildung.

Mir leit besonnesch d’Abanne vu Jugendlecher an d’Politik um Häerz!
Dofir ass mäin Motto fir d’Wahlen: „D’Jugendlecher sinn déi Erwuesse vu muer!“

Nieft dem Beruff an nieft der Politik ginn ech awer nach aneren Aktivitéiten no an ech fannen et wichteg dass een déi och ausliewe kann. An menger Fräizäit kucken ech gäre Filmer, Serien an Dokuen. Ginn gären an de Kino an neierdéngs och an den Theater. Spillen och mol heiansdo Computer- a Konsolenspiller. Liesen a recherchéieren och gären zu Theme wéi Politik, Ekonomie, Sport, Geschicht, Wëssenschaft etc. Nennen ech mech och „Hobbyinformatiker“ well ech ënnert anerem leidenschaftlech gären un Computere kniwwelen, Websäiten an kleng Programmer/Apps schreiwen. An zu gudder läscht dierf de Sport net feelen. Do maachen ech virun allem Judo, spillen nach ab und zu Fussball a ginn och mol zu lafen oder Vëlofueren.

Zesummenhang posts

Start um 19h15 Stand Sektiounen Tour de Table iwwert de Stand vun de Sektiounen. Aktuell si folgend Proporzgemengen sécher: Stad, Kayl, Péiteng, Suessem, Käerjeng,
D’Piraten hunn haut op enger Pressekonferenz Kriticken um leschten Tripartitesaccord ervirbruecht a selwer gerecht Léisunge fir haut a muer virgestallt, fir d’Steiergelder besser a
Obwuel d’Recht op Privatsphär an d’Recht op eng reegelkonform automatiséiert Veraarbechtung vu persounebezunnen Daten duerch eng ganz Rei national an europäesch Texter geschützt ginn,