Wat kascht d’Finanzéierung vun de Crèchen?

Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, hunn jee no hierem Akommes een Urecht op eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA). A menger parlamentarescher Fro n°6162 sinn ech schonns op d’Fro vun de Fonctionnementskäschten an de Maisons Relaisen agaangen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kanner profitéieren aktuell vum CSA? Wéi huet sech dës Zuel vun 2017 bis 2022 entwéckelt?

  2. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2419 vun der CSV aus dem Joer 2016 hat de Minister geäntwert, dass am September 2016 364 contrats d’adhésion gemaach goufe fir Persounen, déi net Resident zu Lëtzebuerg sinn. Wéi huet sech dës Zuel fir d’Joren 2017 bis 2022 entwéckelt, opgeschlësselt no Joer an no Nopeschland?

  3. Wéi hunn sech d’Gesamtkäschten fir den CSA tëschent 2017 an 2022 entwéckelt?

  4. Kënnen d’Ministere mir eng Estimatioun ginn, op wéi vill Euro sech d’Fonctionnementskäschte vun enger Crèche am Duerchschnëtt belafen
    • fir eng grouss Crèche (mat méi wéi 30 Kanner)?
    • an enger klenger Crèche (manner wéi 30 Kanner)?

  5. Wéi vill Euro leet de Staat an der Moyenne pro Kand an enger Crèche bäi (fir d’Joer 2021)?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6244

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt