Chatcontroll

A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose mam Titel “Regulatioun laying down rules to prevent and combat child sexual abuse” virkommen, sinn héich ëmstridden, well se d’Privatsphär vun all Mënsch am Internet ugräifen. Leider wosst d’Regierung zum Zäitpunkt vu menger éischter Fro nach net, wéi ee Minister fir Lëtzebuerg wäert um Vott deelhuelen a wéi gestëmmt wäert ginn. 

Rezent ass elo awer e Protokoll geleakt ginn, an deem steet, dass Lëtzebuerg gesot hätt, dass am Regierungsrot vum 15.09 eng Positioun géif ausgeschafft ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Koum de Regierungsrot effektiv de 15.09 zesummen, fir sech mat der Fro vun der Chatcontroll ze befaassen? 

  2. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung aktuell an dësem Dossier?
    Ënnerstëtzt Lëtzebuerg déi aktuell EU-Propose oder gi konkret Ännerunge proposéiert?
    Falls jo, ëm wéi eng Ännerungen handelt et sech?

  3. Weess d’Regierung mëttlerweil wéi ee Vertrieder fir Lëtzebuerg am Rot ofstëmme wäert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8350

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt