CovidCheck-Certificat no positivem Schnelltest an der Schoul?

D’Omikron-Well huet dozou gefouert, dass eng Rei vun de sanitäre Mesuren an de Schoulen ugepasst goufen. Ënnert anerem musse Kanner, deenen hire Schnelltest an der Schoul positiv ass, elo net nach e PCR-Test maachen, éier si an Isolatioun kommen.

D’Viraussetzung fir e gëltege CovidCheck-Certificat no enger Infektioun ze kréien, bléift zu Lëtzebuerg awer de positive PCR-Test.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass fir d’Zukunft geplangt, deene SchülerInnen, déi e positive Schnelltest an der Schoul gemaach hunn, op Basis vun dësem Test e CovidCheck-Certificat auszestellen?
    Falls jo: Géifen dës Certificaten vun aneren EU-Länner unerkannt ginn?

  2. Wéi goufen d’Elteren doriwwer informéiert, dass si awer zousätzlech zum Schnelltest nach e PCR-Test musse bei hire Kanner maache loossen, falls si wëllen, dass dës no der Erkrankung e CovidCheck-Certificat kréien?
    Wien dréit d’Käschte vun dësem PCR-Test?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5613

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen