CCP Konten fir Staatsbeamten

Wéi kann et sinn, dass d’Staatsbeamte mussen ee Konto bei der Post opmaachen? Firwat kritt d’Post esou vill Virdeeler per Gesetz zougeschriwwen? D’Piraten hunn nogefrot:

En Thema, dat ëmmer nees erëm kënnt, ass d’Thema firwat de Staat seng Employéeë a Fonctionnairen dozou forcéiert en CCP ze hunn fir hire Salaire oder den Traitement liquidéiert ze kréien.

Datt dëst Thema reegelméisseg Objet vu parlamentareschen Ufroen ass, ass gutt dokumentéiert duerch d’Froen 263 vum 19/11/2009, 1082 vum 14/12/2010, 1189 vum 24/04/2011 an 271 vum 13/05/2014. An der Äntwert op d’Fro 271 vum Marc Spautz vum 13/05/2014 huet den Här Finanzminister op d’Dispositiounen vum Artikel 31 vum Gesetz vum 15. Dezember 2000 an den Artikel 36 vum Gesetz vum 8. Juni 1999 verwisen.

Am zweete Paragraph vum Artikel 31 vum Gesetz vum 15. Dezember 2000 steet: « La Trésorerie de l’Etat peut, au besoin, effectuer ses paiements avec effet libératoire pour l’Etat en faisant ouvrir d’office aux créanciers de l’Etat un compte auprès de l’entreprise. »

Den Artikel 36 vum Gesetz vum 8. Juni 1999 zum Budget seet: « La trésorerie de l’Etat peut effectuer les paiements par l’entremise du service des chèques postaux ou d’établissements bancaires agréés à cet effet par le ministre ayant le budget dans ses attributions, et au besoin, en faisant ouvrir d’office un compte aux créanciers de l’Etat auprès du service des comptes chèques postaux. L’inscription de la somme due au crédit de ce compte éteint la dette de l’Etat. »

Den Artikel 24 vum Gesetz vum 16. Abrëll 1979 iwwert de Statut vum Fonctionnaire seet awer näischt iwwert d’Aart a Weis vum Bezuele vun den Traitementer aus: « Les traitements sont payables d’avance, mensuellement, à raison d’un douzième par mois du traitement annuel, lorsqu’ils sont dus pour le mois entier.
Lorsqu’ils sont dus pour une partie du mois, ils sont calculés par jour, à raison d’un trois cent soixantième du traitement annuel avec mise en compte des journées libres réglementaires, des dimanches et des jours fériés légaux et de rechange qui tombent dans la période ou qui la suivent immédiatement.
»

Doriwwer eraus huet Lëtzebuerg den 23. Oktober 2011 e Gesetz iwwert d’Konkurrenz agefouert.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. An der Äntwert op d’Fro 271 vum honorablen Marc Spautz huet de Minister fir d’Finanzen geschriwwen: « Finalement, il y a lieu de rappeler que selon la loi, l’ouverture et la tenue d’un CCP est sans frais pour le titulaire du compte. Par ailleurs, les ordres permanents exécutés depuis un CCP vers une autre banque sont gratuits […] » a weider « Il y a lieu de souligner que l’approche actuelle permet de limiter les coûts liés (i) à la gestion administrative de la base de données des 35,000 fonctionnaires et employés de l’Etat […] ».

    Dozou hunn ech folgend Froen un de Minister fir Finanzen:
    • Ass de Minister sech dem Widdersproch vun deenen Aussoe bewosst? Dee Moment wieren d’Viremente fir de Staat op en aanere Kont jo och gratis.
    • Weider seet de Minister an der selweschter Äntwert, datt de Choix fir e CCP och zu garantéierten Délais de Paiement féiere géif. Duerch rezent Entwécklungen (SEPA an IBAN) hunn sech dës Délais’e ëmmer weider reduzéiert a mir kommen dem « Instant Payment » ëmmer méi no. En vue vun deenen Entwécklungen, hält de Minister u senger Ausso fest?
  2. Sinn d’Ministeren der Meenung datt d’Dispositioune vun den Artikelen 31 (Gesetz vum 15.12.2000) an 36 (Gesetz vum 8.6.1999) nach konform mat de Reegele vu « KYC » an « AML » sinn?
  3. Wéi heefeg huet de Staat tëscht 1999 an haut (opgeschlësselt no Joer) eng « ouverture d’office » vun engem CCP gemaach fir esou eng Schold ze bezuelen?
  4. Ass de Wirtschaftsminister der Meenung, datt d’Dispositioune fir all Staatsbeamten ze forcéiere fir Client bei der POST ze sinn géint d’Gesetz vum 23 Oktober 2011 iwwert d’Konkurrenz kéint verstousse, well méi ewéi 35.000 zousätzlech Clienten der POST en onfairen Avantage um Marché par Rapport zu anere Banke verschafen?
  5. Vue datt d’POST keng Prêten accordéiert, ass de Minister fir ëffentlechen Déngscht net der Meenung datt ee Beamten an Employéeën d’Ofbezuele vun hire Prêt’e méi einfach kéint maachen, wann een hinnen de fräie Choix vun hirer Bank zougestoe géif?
  6. Sinn d’Ministeren sech bewosst, datt duerch d’Positioun vun der Regierung jiddereen, deen e Kontrakt vum Staat wëll kréien, gezwonge gëtt fir de « conditions générales de vente » vun der POST zouzestëmmen, engem Etablissement Public mat eegener juristescher Personalitéit?
  7. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Prinzipien vun de Vertragsfräiheet respektéiert ginn, wann eng Persoun, déi beim Staat wëll ee Posten untrieden, gezwonge gëtt d’Konditiounen vun engem zweete Kontrakt vun engem Etablissement Public zouzestëmmen fir dass de Staat senger Zuelungsobligatioun nokomme kann?
  8. Wéi verdréit sech dëse gezwongenen Kontraktsofschloss mam Dispositif vum GDPR fir Daten nemmen dann weiderzeginn, wann een dat explizit well an net als Konditioun fir d’Exekutioun vun engem weideren, separate Kontrakt?

Zesummenhang posts

Wëldkamerae gi vu Jeëer, awer och zum Deel vu Wësseschaftler:inne benotzt, fir Informatiounen iwwert d’Wëld ze sammlen. Dës Kameraen si mat engem Bewegungsmelder ausgestatt
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Cannabis-Patienten, déi an d’europäiescht Ausland wëlle reesen, mussen déi hinne vum Dokter verschriwwe Quantitéit Cannabis bei sech féieren,