ACCOUNT

Kamera-Iwwerwaachung vum Centre de conférence um Kierchbierg

Surveillance camera attached on white ceiling

Wéi aus engem Avis vum Stater Gemengerot ervir geet, ginn et eng Rei Problemer am Zesummenhang mat der VISUPOL-Kamera, déi um Kierchbierg de Centre de Conférence filmt. Problematesch ass, dass net just de Centre, mee och d’Entrée vun engem Hotel gefilmt gëtt, an dass aplaz vun der Police och privat Sécherheetsfirmen d’Bildmaterial consultéieren. An deem… Continue reading Kamera-Iwwerwaachung vum Centre de conférence um Kierchbierg

Reklamatioune bei der Police

Et kënnt ëmmer erëm fir, datt Leit bei der Police uruffen, fir e Verstouss ze mellen – sief et Kaméidi an enger Residence oder op der Strooss, e falsch geparkten Auto oder soss e Virfall. An deem Fall muss den Uruffer dann seng Identitéit uginn: säin Numm a munchmol och seng Matriculesnummer.    Kënnt et… Continue reading Reklamatioune bei der Police

Iwwerstonne vu Police Beamten wéinst Manifestatiounen

Am Joer 2021 grad ewéi an deenen éischte Méint vun dësem Joer hunn zu Lëtzebuerg reegelméisseg Manifestatioune stattfonnt. Dës Manifestatiounen sinn ëmmer vun der Police ofgeséchert ginn, fir d’Manifestanten an och d’Matbierger ronderëm d’Manifestatioun ze schützen an och Materialschied ze vermeiden. An deem Kader si mengen Informatiounen no eng considerabel Zuel un Iwwerstonne vu verschiddene… Continue reading Iwwerstonne vu Police Beamten wéinst Manifestatiounen

Police- an CGDIS-Zenter zu Péiteng/Käerjeng

Mengen Informatiounen no soll an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an den CGDIS entstoen. A menge parlamentaresche Froen n°3404 an 5328 hat ech deemools schonn Informatiounen zu dësem Projet gefrot.   An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt: Wäert esou ee… Continue reading Police- an CGDIS-Zenter zu Péiteng/Käerjeng

Asaz vun CGDIS a Police beim ING Night Marathon

Den 28te Mee huet an der Stad erëm den ING Night Marathon stattfonnt. Ewéi bei all groussem Event, hunn och hei Leit vum CGDIS an der Police fir d’Sécherheet vun de Leeferinnen a Leefer an den Zuschauer gesuergt. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Policebeamte waren op der Plaz,… Continue reading Asaz vun CGDIS a Police beim ING Night Marathon

Motoskontrolle

En Artikel vum RTL vum 27.05.2022 behandelt d’Thema vun der Legaliséierung vum Slalom fueren am Stau. Enger Ëmfro vum RTL 5minutes no hunn 73 Prozent dofir gestemmt, dass et als Motoradsfuerer erlaabt sollt sinn am Stau tëscht den Autoen ze fueren. D’Diskussioun ass ënnert anerem opkomm, well de Slalom am Stau an der Belsch an… Continue reading Motoskontrolle

Protokoller fir Automobilisten

Mat der parlamentarescher Fro n°6200 wollt ech mech iwwert d’Unzuel vun de Protokoller renseignéieren, déi an de leschte 6 Méint u Vëlosfuerer ausgestallt goufen. Gläichzäiteg wollt ech mech och doriwwer renseignéieren, wéi vill Automobiliste géint den Artikel 125.08 (<1,5m beim Iwwerhuele vu Vëloen) vum Code de la Route verstouss hunn. Goufen an där Zäit 47… Continue reading Protokoller fir Automobilisten

Protokoller fir Vëlosfuerer – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°6200 hunn ech mech iwwert d’Unzuel vun de Protokoller, déi u Vëlosfuerer an un Automobilisten ausgestallt goufen, renseignéiert. Wéi den Här Minister a senger Äntwert schreift, goufen an de leschte 6 Méint u 47 Vëlosfuerer gebührepflichteg Verwarnunge wéinst Verstéiss géint de Code de la Route ausgestallt. Verstéiss géint den Artikel 125.08… Continue reading Protokoller fir Vëlosfuerer – Nofro

Protokoller fir Vëlosfuerer

Lëtzebuerg gëtt am Ausland als Vëlosnatioun ugesinn, wann ee sech den Historique vun den ville Coureuren ukuckt, déi eis d’Land op international bekannte Course representéiert hunn. Dëse Ruff spigelt sech awer net an der besteeënd Infrastruktur duer, déi een a ville Stied awer och am ländleche Raum vergeblech sicht. Mat der waarmer Joreszäit heeft sech… Continue reading Protokoller fir Vëlosfuerer

Ennerbréngung vun Geflüchteten an Déngschtwunnengen

Aktuell sinn eng ronn 4’000 Persounen aus der Ukrain geflücht. Dës Persoune mussen nieft deenen déi de Statut BPI respektiv DPI hunn, vun der ONA an dem Familljeministère encadréiert ginn. Laut der Äntwert op d’Fro n°867, ginn et 103 Déngschtwunnenge fir d’Police vun deenen dee Moment (Juli 2019), nëmmen eng ronn 27 genotzt goufen. An… Continue reading Ennerbréngung vun Geflüchteten an Déngschtwunnengen