D’ECOBOX-Aktioun vun der SuperDrecksKëscht

D’SuperDrecksKëscht bitt säit kuerzem EcoBoxen un, weiderverwäertbar Iessensbehälter déi virun allem am HORECA Secteur sollen hëllefen, Iessensverschwendung ze vermeiden a Verpackungsmüll ze produzéieren. An der Rahmenvereinbarung mat der SuperDrecksKëscht ass ze liesen, dass ee Betrib respektiv “einen Einrichtung” dierfe bei der Aktioun matmaachen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung Read more…

Covid-Immunitéit verstoen – Antikierper-Tester fir infizéiert Persounen

An de leschte Wochen a Méint goufen honnertdausende vu Persounen zu Lëtzebuerg mat Vaccinen géint de Sars-Cov-2 geimpft. Wärend d’Impfcampagne méi Fortschrëtter mécht, ass festzestellen, dass d’Indicateuren, déi ee Bild iwwert de Verlaf vun der Pandemie ofginn, sech veränneren. Effektiv si vill manner Leit an de geimpften Altersgruppen a Kategorien Read more…

Import vun exoteschen Villercher

Verschidde Papageienaarten si wéinst hire faarwege Plommen an dem Fait, dass si d’Stëmm vu Mënschen imitéiere kënnen, weltwäit beléift Hausdéieren. Leider sinn awer och d’Papageien vum Verloscht vun der Aartevillfalt betraff. Tëscht 1994 an 2003 goufe ronn 1,6 Millioune Papageien an d’EU importéiert, déi ënnert déi sougenannte CITES-Bestëmmunge falen, also Read more…

Gesetzeslücken beim Online-Glécksspill

A senger parlamentarescher Fro n°853 krut den honorabelen Deputéierte Marc Spautz deemools geäntwert, datt Glécksspiller, déi vun engem anere Land aus als legal Aktivitéit bedriwwe ginn, net kënnen zu Lëtzebuerg verbuede ginn (“Ainsi, les jeux offerts sur Internet à partir de pays où l’activité est légale ne peuvent être prohibés”).  Read more…