Verschmotzung vun der Ierpeldengerbaach

Mir goufen Temoignagen zougedroen, dass d’Ierpeldengerbaach zu Ierpeldeng den 8te November Verschmotzunge z’erkenne warent. D’Waasser vun der Bach hat eng mëllechzeg mof Faarf. Mengen Informatiounen no, goufen d’Autoritéiten iwwert d’Verschmotzung a Kenntnis gesat. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Huet d’Ministesch Kenntnis vun dëser Verschmotzung? Wat Read more…

Kompetenze vum Ëmweltministère beim Bauen

Bei verschiddene Bauprojekter ass et d’Norm, dass Persounen, déi Bauhär sinn, nieft der Baugeneemegung vun hirer Gemeng och eng Geneemegung vum Kulturministère an/oder dem Ëmweltministère ufroe mussen. Den Ëmweltministère analyséiert notamment den Impakt vum Bauprojet op déi direkt Ëmwelt. Bei Neibauten ass dësen Impakt evident, well méi Fläche versigelt ginn. Read more…

Primme fir E-Camionen

Am Moment schaffe verschidde Firmen un der Produktioun vu reng elektresch bedriwwene Camionen. Éischt Modeller, déi bis zu 650km Reechwäit sollen hunn, si schonn um Marché. Fir dës Camione brauch de Betrib, deen esou Camione besetzt, speziell Luetstatiounen, déi ee gutt Stéck méi performant sinn, wéi d’Elektrobornë fir d’Autoen.  An Read more…

Accisen op d’Elektromobilitéit

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro (n°4462) huet de Mobilitéitsminister mir d’staatlech Recetten duergeluecht, déi duerch d’Aktivitéiten op den Tankstellen op den Aires de Services zu Lëtzebuerg ageholl ginn. Esou huet de Staat an deene leschte 5 Joer, laut Minister, bal 350 Milliounen Euro u Recetten ageholl. 83,6% dovu Read more…

CO2OL Magazine

Dëse Mount hunn d’Ministère fir Energie an Ëmwelt een éischte Klimamagazine publizéiert. Ënnert dem Numm “CO2OL- Zesumme fir ee gutt Klima” gouf dësen un d’Stéit zu Lëtzebuerg verdeelt. Am Magazine heescht et, “d’Format, d’Gewiicht an d’Säitenzuel stinn optimal am Verhältnis, de Grammage vum Pabeier ass extreem liicht a selbstverständlech e Read more…

Sunergy – De Piraten hire Plang fir méi Solarenergie

Eise Sonnenernergie-Plang fir Lëtzebuerg Fir d’Pirate geet d’Regierung beim Thema Klimaschutz net wäit genuch. Just duerch den neie Klima- an Naturpakt a Primmen op Elektroautoe wäerte mir d’Äerderwiermung net ënnert 1,5°C halen, an d’Klimakris net stoppe kënnen. Laut dem leschte Bericht vum IPCC, steiert d’Welt am Moment op eng Äerderwiermung vun 2,7°C zou. Dëst si katastrophal Aussiichten an dofir Read more…