Interferenzen vum 5G-Netz mat de Fluchradaren

Verschiddene Plattformen, dorënner aerotelegraph.com, aero.de an simpleflying.com, beriichten, dass verschidde Fluchgesellschaften hier Flich an d’USA fir de Moment agestallt hunn, well d’Landung, bedéngt duerch den Ausbau vum 5G-Netz, net zu 100% assuréiert ka ginn, speziell fir d’Boeing 777 a 747-8. aerotelegraph beschreift an engem Artikel vum 16te Januar 2022 d’Problemer, Read more…

Rout Luuchten mol aaneschters

Verschiddene Stied an Uertschaften an Däitschland (mee och op anere Plazen op der Welt) hunn bei Foussgängeriwwergäng, déi mat roude Luuchte gereegelt ginn, hirer Kreativitéit fräie Laf gelooss. Aplaz vun engem rouden oder grénge Männchen, deen dem Foussgänger seet, wéini en dierf iwwert d’Strooss goen a wéini net, ass zu Read more…

Käschte vum Tanktourismus

Am Mee 2016 huet den Dieter Ewringmann am Optrag vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung eng Etüd iwwert den Tanktourismus verëffentlecht. An dëser Analyse huet de Professer fir Finanzwëssenschafte festgestallt, dass den Tanktourismus Lëtzebuerg méi kascht, wéi en eis u Recetten abréngt. 3,5 Milliarden u järleche Käschte stoungen 2,1 Milliarden un Read more…

Campagne “Déi schéin Aktioun”

De Mobilitéitsministère huet d’Campagne “Déi schéin Aktioun” lancéiert, déi 7 verschidde Gesten présentéiert, déi mer all am Stroosseverkéier sollten uwennen. Dës Geste goufen a 7 kuerze Videoe presentéiert. Gëschter gouf den éischte Video op Twitter gepost. D’Reaktioune waren awer anescht wéi positiv, well de Video mam Text “Quel arrêt magistraaaal. Read more…