ACCOUNT

Déiereschutz op Bauerenhäff

D’Déiereschutzorganisatioun Amiavy asbl beriicht an engem Post vum 27te Mee 2022 op de soziale Medien dovunner, dass rezent ee Bauerenhaff zougemaach gouf, wou Déiere jorelaang ënnert onwierdege Bedingungen hu misste liewen. D’Fotoe weise knaschteg Fudderstellen an ofgemagert Déieren. D’Awunner vun dësem Duerf hunn sech jorelaang fir d’Schléissung vun dësem Bauerebetrib agesat, deen trotz dësen Ëmstänn… Continue reading Déiereschutz op Bauerenhäff

Schwéngshaltung um Fräiland

Close Up Of Household A Large Black Pig Resting In Sand. Pig Farming Is Raising And Breeding Of Domestic Pigs.

Ee groussen Deel vun eiser Gesellschaft erniert sech bal all Dag vu Fleeschprodukter. Dës setzt viraus, dass fir d’Fleesch fir d’Konsumenten hierzestellen massenhaft Déieren mussen ëmbruecht ginn. A villen Dokumentarfilmer, Reportagen an Zeitungsartikelen ass schonn iwwert dës Masseproduktioun beriicht ginn, déi op Déierentransporter, Schluechthaiser a vill Déiereleed baséiert. Des Weideren ass d’Fleeschproduktioun immens ressourcenintensiv a… Continue reading Schwéngshaltung um Fräiland

D’EU-Pirate fuerdere méi steng Reegele beim Déierentransport

All Dag ginn Déieren duerch ganz Europa transportéiert an dëst vill ze oft a schlechten Zoustänn, wou d’Déiere weder genuch Plaz hunn, nach genuch Fudder a Waasser. D’EU-Parlament huet d’Situatioun analyséiert an elo an engem Rapport Recommandatioune fir den Déierentransport festgehalen. D’Parlament fuerdert an dësem Rapport ënnert anerem, dass d’Transportdauer op maximal 8 Stonne verkierzt gëtt, an et sollen och méi… Continue reading D’EU-Pirate fuerdere méi steng Reegele beim Déierentransport

Stand vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg

Set of cereal plants, top view. Cereal ears on light background. Concept of cereal crop.

Déi aktuell Regierung huet sech am Koalitiounsaccord zum Zil gesat, dass bis 2025 op mannst op 20% vun den Ubauflächen hei am Land soll op eng biologesch Landwirtschaft gesat ginn. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°3752 vun 2018 vun Déi Gréng huet den deemolege Landwirtschaftsminister een Tableau presentéiert, op deem den Undeel vun der… Continue reading Stand vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerger Wäiner um Pavillon zu Dubaï

D’Lounge am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai bitt niewent enger Selektioun u Lëtzebuerger Wäiner a Crémant och eng ganz Rëtsch Wäiner a Crémant aus anere Länner un. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Firwat ginn net nëmme Lëtzebuerger Produiten am Lëtzebuerger Pavillon verkaaft? Fënnt de Minister, dass et net… Continue reading Lëtzebuerger Wäiner um Pavillon zu Dubaï

Virsiicht mat Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart

Warning exclamation mark on a wooden block to attract attention over a grey background with beams of light and copy space

De Gesondheetsministère huet de 27te Juli ee Communiqué erausginn, an deem en d’Leit warnt, kee Geméis an Uebst aus dem eegene Gaart ze consomméieren, well no den Iwwerschwemmunge Mëtt Juli vill gesondheetsschiedlech Chemikalien a Bakterien d’Uebst an d’Geméis an de Gäert kéinte kontaminéiert hunn Wärend den Iwwerschwemmunge goufen awer net nëmme Gäert, mee och eng… Continue reading Virsiicht mat Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart

Magasinn ‘Gudd!’

An der aktueller Nummer 9 vum Magasinn “Gudd!”, dat jo vum Landwirtschaftsministère erausginn an zum gréissten Deel och finanzéiert gëtt, sinn eng ganz Rei Annoncen déi direkt oder indirekt vum Staat inseréiert ginn. Hei e puer Beispiller: d’Antigaspi-Campagne (S. 9), d’Large Scale Testing-Annonce vun der Santé (S. 47), d’Annonce LUGA fir “Luxembourg Urban Garden” (S.… Continue reading Magasinn ‘Gudd!’

Import vun exoteschen Villercher

Verschidde Papageienaarten si wéinst hire faarwege Plommen an dem Fait, dass si d’Stëmm vu Mënschen imitéiere kënnen, weltwäit beléift Hausdéieren. Leider sinn awer och d’Papageien vum Verloscht vun der Aartevillfalt betraff. Tëscht 1994 an 2003 goufe ronn 1,6 Millioune Papageien an d’EU importéiert, déi ënnert déi sougenannte CITES-Bestëmmunge falen, also als gefërdert Aarten ugesi ginn.… Continue reading Import vun exoteschen Villercher

D’Schluechtung vun Déieren aus Biohaltung

Laut Zuele vum Landwirtschaftsministère, goufen zu Lëtzebuerg am Dezember 2020 ronn 20.500 Déiere geschluecht. Haaptsächlech handelt et sech bei den Déieren ëm Kéi a Schwäin.  Am Joer 2019 waren 82 Landwirtschaftlech Betriber als Bio-Betriber bei der Asta ugemellt. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Ginn a puncto Schluechtung Ënnerscheeder tëscht de… Continue reading D’Schluechtung vun Déieren aus Biohaltung

Gesetzesprojet 7621 iwwert d’Ënnerstëtzung vun der Nohaltegkeet an de ländleche Gebidder

Marc Georgen: Merci, Här President. Fir d’éischt emol dem Tess Burton merci fir säi gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. All Bauerebetrib am Land ass wichteg. Regional Produkter si fir eis Piraten an eiser mofer Déiereschutz- an Ëmweltpolitik e wichtege Punkt, wann net dee wichtegsten, fir eng modern Landwirtschaft. Liest ee sech awer elo déi eenzel… Continue reading Gesetzesprojet 7621 iwwert d’Ënnerstëtzung vun der Nohaltegkeet an de ländleche Gebidder