ACCOUNT

Héichwaasserschied zu Iechternach am Park

Den 13.07.22 gouf am Lëtzebuerger Wort en Artikel publizéiert, an deem d’Gemeng Iechternach dem Kulturministère virwerft, no den Iwwerschwemmunge vum leschte Joer net séier genuch reagéiert ze hunn a bis haut wichteg Renovatiounen auszebremsen. Konkret geet et ëm den denkmalgeschützte Park vun der Gemeng, an deem et schwéier Iwwerschwemmungsschied gouf an dee bis haut net… Continue reading Héichwaasserschied zu Iechternach am Park

Ëmgang mat russesche Kulturgidder

Duerch den Ugrëff op d’Ukrain duerch dem Putin säi Regimm hunn schonn honnerten Zivilisten hiert Liewe verluer a Milliounen hunn hiert doheem musse verloossen. Elo ass et awer esou, dass net all russesche Staatsbierger mat dësem Krich an den Decisioune vum Kreml averstanen ass. Trotzdeem gouf et, nieft de Sanktioune géint de Regimm an seng… Continue reading Ëmgang mat russesche Kulturgidder

Gesetzesprojet 7473 iwwert de kulturelle Patrimoine

Sven Clement: Merci Här President. Jidderee vun eis stoung wuel schonn eng Kéier virun engem ale Gebai oder op enger Plaz mat Spuere wäit aus der Vergaangenheet  an huet sech virgestallt, wéi d‘Menschen deemools genee do, genee do, wou ee selwer grad steet, eng Kéier gelieft a geschafft hunn. Dat ka ganz beweegend sinn. An… Continue reading Gesetzesprojet 7473 iwwert de kulturelle Patrimoine

Patrimoine ferroviaire: Wat gëtt erhalen a wat gëtt ofgerappt beim Ausbau vum Schinnennetz?

Passenger train on railroad tracks at the sunrise - blurred motion

Vill al Gebaier, déi en Zesummenhang mam Schinneverkéier hunn, an och Terrainen, déi no un de Schinne leien, sinn am Besëtz vun der CFL Group. Esou ass et net verwonnerlech, dass d’CFL e Groussdeel vum Lëtzebuerger Patrimoine ferroviaire besëtzt. An Zesummenaarbecht mam Mobilitéitsministère gouf d’Schinnennetz am Land vun der CFL ëmmer nees ausgebaut a wäert… Continue reading Patrimoine ferroviaire: Wat gëtt erhalen a wat gëtt ofgerappt beim Ausbau vum Schinnennetz?

Transparenzmangel bei der Restauratioun vun historesche Bauten

Luxembourg. Old Bridge - Passerelle Bridge Or Luxembourg Viaduct In Luxembourg.

Fir de Patrimoine an déi materiell Kultur zu Lëtzebuerg z’erhalen, subventionéiert a finanzéiert de Kulturministère all Joers eng Unzuel u Projeten. Verschidde Projeten, déi méi ëmfangräich sinn an deemno och méi Sue kaschten, mussen iwwert eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach ginn. Esou wëllen et déi europäesch Reegelen iwwert d’Marchés publics an och eis national Gesetzer. Wien… Continue reading Transparenzmangel bei der Restauratioun vun historesche Bauten

Finanziell Hëllefe fir d’Lëtzebuerger Literatur

Iwwert guichet.lu kënnen Auteuren an Illustrateuren déi ee Buch publizéiert hunn, eng Prime à la publication d’une création littéraire ufroen.  Am Rapport d’activité vum Fonds culturel national fir d’Joer 2020 kann een d’Aiden an d’Subventiounen noliesen déi dat Joer, ënnert anerem, u Projeten aus de Beräicher Musek, Theater a Literatur gaange sinn. Am Beräich Literatur… Continue reading Finanziell Hëllefe fir d’Lëtzebuerger Literatur

Ënnerwee a Richtung “Fifty-fifty-Demokratie”

Lëtzebuerg ass zanter gutt 150 Joer en Awanderungsland, nodeems mir wärend engem gudden Deel vum 19. Joerhonnert zegdausend Leit duerch Auswanderung verluer haten. Eis Siderurgie, zum Beispill, déi d’Basis fir de nationale Wuelstand geluecht huet, wär net ëntstan ouni däitsch Ingenieuren an italienesch Aarbechter. D’italienesch Awanderung huet nom 2. Weltkrich staark un Intensitéit verluer. An… Continue reading Ënnerwee a Richtung “Fifty-fifty-Demokratie”

Orientéierungsdebatt iwwert de Kulturentwécklungsplang “KEP 1.0”

Paintbrush and tubes with painter tools at abstract table background texture. Art painter concept and paint brush

Sven Clement: Här President, „D’Kënschtler musse fräi sinn“, dat hu mer virdrun hei am Debat héiere vu genau där Persoun, déi elo hir Plainte nach eng Kéier verteidegt huet. Wat se awer vergiess huet ze soen ass, datt se viru Geriicht verluer huet. An zu Recht verluer huet! Well mir hunn hei zu Lëtzebuerg eppes,… Continue reading Orientéierungsdebatt iwwert de Kulturentwécklungsplang “KEP 1.0”

Accord mam Consistoire israélite

De 27. Januar 2021 huet de Staat mam Consistoire israélite de Luxembourg en Accord ënnerschriwwen, dee sämtlech Froe beäntwere soll, déi sech nach am Kontext vun den net geléiste Problemer mat den Holocaust-Verméigenswäerter (« Oustanding Holocaust Asset Issues »), allgemeng, a mat der Spoliatioun vu jüddeschem Besëtz wärend der Shoah, am besonneschen, stellen.  Dëst Dokument,… Continue reading Accord mam Consistoire israélite

Vatikan: Kee Seege fir homosexuell Koppelen

Catholic priest on altar praying with open arms during mass service in church

Communiqué D’Pirate bedaueren zudéifst, dass d’kathoulesch Kierch mat hirer Responsum ad dubium vun der Kongregatioun fir Glawensléier iwwert d’Seene vu Verbindungen tëscht Persoune vum selwechte Geschlecht just nach emol ënnerstrach huet, awéifern en dogmatesche Glawen d’Siicht verzerre kann. “Er [Gott] segnet nicht die Sünde” heescht et aus dem Vatikan. Mee, besteet d’Sënn wierklech doran ee… Continue reading Vatikan: Kee Seege fir homosexuell Koppelen