ACCOUNT

Situatioun an der Kannerklinik

Lëtzebuerg leit ënnert eng Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Better an der Kannerklinik si mengen Informatiounen no momentan alleguer beluecht an d’Kapazitéite an der Pediatrie si méi ewéi ausgelaascht. Gëschter krutten Elteren vun engem Kand am CHL matgedeelt, datt hirt Kand elo dat lescht Bett (am HRS) géif kréien an dofir mat der Ambulanz verluecht géif ginn.… Continue reading Situatioun an der Kannerklinik

Kontrolle bei Crèche

Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Kontrolle goufen an deene leschte 5 Joer bei privat Crèche gemaach, fir sécher ze stellen, dass den Agrément agehale gëtt?… Continue reading Kontrolle bei Crèche

Signalementer iwwert Mëssstänn a Foyeren

Little happy brother and sister sitting at a table at home in the kitchen and drawing a picture with colored pencils and markers

Eis gouf zougedroen, dass et ëmmer erëm zu Signalementer wéinst Mëssstänn kënnt. Dobäi soll et ëm de Verdacht vu sexueller Gewalt oder och physescher Gewalt géint Kanner goen. Zu dëse Signalementer soll et souwuel a staatlech wéi och private Foyere kommen, grad ewéi och a Crèchen, Maisons Relaisen, Schoulen an aner Institutioune fir Kanner. An… Continue reading Signalementer iwwert Mëssstänn a Foyeren

Unzuel vun Dossiere vum Service Centrale d’Assistance Sociale

Difficult little girl talking to social worker about her problems while they sitting in bedroom at home

De Service Central d’Assistance Sociale, kuerz SCAS, spillt am Domän vum Jugendschutz eng ganz elementar Roll a schafft ganz eng mat de verschiddene juristeschen Institutiounen zesummen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Opgelëscht pro Joer, wéi huet sech d’Unzuel vun de Fäll an Dossieren, ëm déi sech de SCAS këmmert, zënter… Continue reading Unzuel vun Dossiere vum Service Centrale d’Assistance Sociale

Unzuel vun Dossieren beim Tribunal de la jeunesse et des tutelles

top view of judge gavel on wooden table

Eng vun den Haaptaufgabe vum Tribunal de la jeunesse et des tutelles ass dofir ze suergen, dass d’Gesetzer zum Jugendschutz applizéiert ginn a vu juristescher Säit fir déi néideg Protektioun ze suergen a Fäll wou Kanner oder Jugendlecher a Gefor sinn a mussen aus hirem Doheem geholl an an engem Foyer oder eng Fleegefamill placéiert… Continue reading Unzuel vun Dossieren beim Tribunal de la jeunesse et des tutelles

Ofbréch vun de Schüler an de Muséksschoulen

D’ Museken an de Museksunterrecht hunn eng wichteg Plaz an eiser Gesellschaft. Vill Gemenge sinn houfreg op hir Museken an hir Museksschoulen. Net all Schüler, deen an de Solfège geet oder ufänkt en Instrument ze léieren, mëscht awer seng Coursë fäerdeg. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Schüler hunn… Continue reading Ofbréch vun de Schüler an de Muséksschoulen

Epidemie vu Bronchiolite-Fäll an der Kannerklinik

Doctor placing an oxygen mask on patient in hospital

Lëtzebuerg leit aktuell ënnert eng Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Better an der Kannerklinik si momentan alleguer beluecht an d’Kapazitéite an der Pediatrie si méi ewéi ausgelaascht. Dowéinst gouf och schonn eng Krisenzell en Place gesat, déi e Plang ausschaffe soll, fir ze kucken, wéi d’Kapazitéiten u pediatresche Better ka kuerzfristeg erop gesat ginn. Des Weidere kënnt… Continue reading Epidemie vu Bronchiolite-Fäll an der Kannerklinik

Pediatrien zu Lëtzebuerg

Helping the child. Two doctors in white coats is in the clinic working together.

Lëtzebuerg leit aktuell ënnert enger Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Better an der Kannerklinik si momentan alleguer beluecht, eng Krisenzell gouf en Place gesat an et kënnt et och zu sougenannten Deprogrammatiounen, soudass pediatresch Chirurgie-Interventiounen, déi net urgent sinn, verréckelt ginn. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Pediater pro 1000 Awunner… Continue reading Pediatrien zu Lëtzebuerg

Sécherheetsperimeter bei Klappjuegten

Am Kannerbongert zu Déifferdeng kënnen d’Kanner an d’Spillschoul, d’Crèche an an d’Maison Relais goen. Dës Schoulstruktur läit ausserhalb vum Duerf an der Natur. Säit d’leschter Woch ass d’Saison vun der Klappjuegd erëm am gaangen a mir ass vun Elteren zougedroe ginn, dass d’Kanner dowéinst de Kannerbongert musse verloossen an op Esch op de Gaalgebierg an… Continue reading Sécherheetsperimeter bei Klappjuegten

Eurostat Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom

Dëst Joer waren 3.380 Schüler fir de Premièresexamen ageschriwwen. Laut dem Ministère louch den Taux de Reussite fir d’Premièresexamen 2021 bei 76 Prozent. En RTL-Artikel vum 24.05.2022 huet iwwert eng Eurostat-Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom beriicht: Laut dëser Etüd huet Lëtzebuerg den héchsten Taux an Europa mat Ronn 63 Prozent.… Continue reading Eurostat Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom