ACCOUNT

En Heliport zu Urspelt?

Two pilots with three passengers on board landing on helipad on clear day

Wéi et eis zu Ouere komm ass, krut de Luxushotel “Château d’Urspelt”, geleeën zu Ischpelt an der Gemeng Klierf, eng Geneemegung fir en Heliport installéieren a bedreiwen ze kënnen. Ugefrot sinn anscheinend 104 Start/Landungen d’Joër, dat wären dann zwou Beweegungen d’Woch, mee dat ass wuel nach ausbaubar.  Et stellen ech hei allerdéngs eng Rei Problemer:… Continue reading En Heliport zu Urspelt?

Kaméidi bei der Ausfahrt Livange

Op der A3 ginn den Ament vill Aarbechten duerchgefouert. Dowéinst, a well et sech ëm eng héich frequentéiert Verkéiersachs handelt, ass d’A3 eng grouss Kaméidissource. Am Kader vum “Plan d’action contre le bruit environnemental” ginn verschidde “Mesures Anti-Bruit” virgesinn, vir Bierger a Biergerinnen virun den negative Folgen vum Kaméidi ze schützen. Am Kader vum Ausbau… Continue reading Kaméidi bei der Ausfahrt Livange

Luuchten ob den Autobunnen

En Artikel vum Lëtzebuerger Wort aus dem Joer 2019 thematiséiert den Ofbau vun de Luuchtepottoen op verschidden Autobunne – dorënner ee Segment op der A13 tëschent dem Tunnel Aessen an dem Tunnel Eilereng, wou ob engem ronn zwee Kilometer laangen Ofschnëtt d’Luuchtepottoen ewechgemaach goufen. Och ob der A1 gouf d’Beliichtung op enger Streck vu bal 5 Kilometer tëschent… Continue reading Luuchten ob den Autobunnen

Protokoller fir Vëlosfuerer

Lëtzebuerg gëtt am Ausland als Vëlosnatioun ugesinn, wann ee sech den Historique vun den ville Coureuren ukuckt, déi eis d’Land op international bekannte Course representéiert hunn. Dëse Ruff spigelt sech awer net an der besteeënd Infrastruktur duer, déi een a ville Stied awer och am ländleche Raum vergeblech sicht. Mat der waarmer Joreszäit heeft sech… Continue reading Protokoller fir Vëlosfuerer

Sécherheet vum GPS System

GPS-Systemer gehéiere mëttlerweil zum alldeegleche Liewen, sief dat am Secteur vun der Schëffffahrt, der Fligerei, an eisen Autoen oder an Handyen. De Krich an der Ukrain wéisst awer, wéi ufälleg dës Kommikatiounsform ka sinn. D’EASA, d’europäesch Fluchsecherheetsagentur, huet am Mäerz gemellt, dass et a verschiddenen europäesche Regiounen zu Ausfäll vum GPS koum. Dëst zum Beispill… Continue reading Sécherheet vum GPS System

Kënnt eng nei Eisebunnsënnerféierung zu Péiteng?

An der Äntwert op parlamentaresch Fro n°5766 zum Wunnprojet am Zentrum vu Péiteng huet de Logementsminister geschriwwen, dass aktuell iwwerluecht gëtt, fir d’Eisebunnsënnerféierung duerch e méi groussen Ouvrage z’ersetzen.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Kann de Minister Informatiounen dozou ginn, wéi dës Ënnerféierung herno soll ausgesinn? Wéi vill Meter kéint… Continue reading Kënnt eng nei Eisebunnsënnerféierung zu Péiteng?

Fourrière am Süde vum Land

Car wheel clamp locked on street for illegal parking

A verschidde parlamentareschen Froen (n°5481, 5329, 4773, 4483, 2675, 676) gouf op den Ofstellproblem vun immobiliséierten Autoen am Süde vum Land agaangen. Zënter Joren sicht d’Police no engem Sitt, op deem ofgschleeften Autoen kënne sécher deposéiert ginn. Dat Ganzt schéngt awer net esou einfach ze sinn, well: “Eng temporaire Leisung fir dei ganz Regioun Sud-Quest… Continue reading Fourrière am Süde vum Land

Accessibilitéit vun ëffentleche Luetstatiounen

Fir d’Co2-Emissiounen zu Lëtzebuerg ze reduzéieren, mussen d’Emissiounen aus dem Verkéier bis 2030 erofgoen. Dofir muss de Fuerpark op de Leescht geholl ginn: Verbrennungsmotore sollen duerch alternativ Technologien ersat ginn, déi op erneierbar Energië setzen, wéi zum Beispill d’Elektromobilitéit.  D’Entwécklung vun der Elektromobilitéit setzt awer viraus, dass mer hei am Land (souwéi an Europa) effikass… Continue reading Accessibilitéit vun ëffentleche Luetstatiounen

Wunnprojet “Ecosider” zu Péiteng

Am Péitenger Zentrum, net wäit vun der Gare, läit eng 5 Hektar grouss Parzell mat der Kadasternummer 1177/8197, déi zënter Joren dem Staat gehéiert. Dës Parzell ass, zesumme mat den Terraine ronderëm, am PAG als Wunnzon klasséiert an se gëtt souguer am Plan directeur sectoriel « logement » als zone prioritaire d’habitation opgefouert. D’Weiche sinn… Continue reading Wunnprojet “Ecosider” zu Péiteng

Chèque-repas

Den 8ten Februar huet d’Organisatioun #Dontforgetus ee Pressecommuniqué erausginn, an deem si fir d’widderhuelte Kéier op den Ëmgang mat de Chèque-repas aginn. Laut Maître Rollinger am Reportage vum RTL zu de Chèque-repas vum 10ten Februar schätzen d’Firmen déi d’Chèque-repas verginn, de Schued un dem HORECA Secteur am zweestellege Milliouneberäich. An deem Zesummenhang hu mir der… Continue reading Chèque-repas