ACCOUNT

Insolvenz vun FTX

Iwwert de Weekend gouf bekannt, dass d’Kryptobörse FTX Insolvenz ugemellt huet. D’Verméige vu FTX ass agefruer an Ermëttler ginn elo de Grënn vun der Insolvenz an dem méigleche Verschwanne vun Honnerte Millioune vu Kryptowärungen no. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Huet FTX Verbindungen zu Lëtzebuerg?  • Wa jo, wéi eng? … Continue reading Insolvenz vun FTX

Montante vun der Saisie

U mech ass een Fall eru gedroen ginn, vun engem Här deen säit leschtem Joer eng Saisie laafen huet, wéinst enger Steierschold duerch eng Failite vun senger aler Entreprise vun 1995. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Ass d’Justizministesch gewëllt, fir d’Tranche vum Barème, no deem d’Taux’en vun der Saisie gestaffelt… Continue reading Montante vun der Saisie

Crypto-Geldautomaten: geschwënn och zu Lëtzebuerg?

Cryptocurrency golden bitcoin image for crypto currency

Een Artikel op der Plattform heise.de vum 7te Juli beriicht vun engem Bitcoinautomate vun der Volksbank Bayern Mitte an Däitschland. De Kryptowärungsautomat vum Ubidder Kurant steht an der Stadt Ingolstadt an erlaabt de Passante mat engem reguläre Geldschäin een Ëmtausch a Bitcoin. Dofir gi beim Automat eng Rei digital Transaktiounen nogefrot. Mëttlerweil goufen och Appen… Continue reading Crypto-Geldautomaten: geschwënn och zu Lëtzebuerg?

Recommandatioune vum IWF bezüglech Steierreform

An engem Artikel vum 100,7 “Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen” vum 12. Juni 2022 gi verschidde Mesuren thematiséiert, déi den Internationale Wärungsfong Lëtzebuerg virschléit. Niewent luewende Wierder mécht den Country Report No. 22/152 och op verschidden Ëmstänn opmierksam, déi en als déficitaire ugesäit. Nohuelbedarf géing et zum Beispill bei der Steierreform vun 2017 ginn.… Continue reading Recommandatioune vum IWF bezüglech Steierreform

De Marc Goergen bei RTL an der fräi politescher Tribün

Kafkraaftverloscht, Präisdeierecht an Inflatioun. Dat bedeit, dass du mat dengem aktuellen Akommes  dir nach manner kafe kanns, wéi virun e puer Méint. Fir dat ze verhënneren, hu mir hei am Land ee gutt Gesetz: den Index! Wéi s du awer sécher matkrus beklauen déi 3 Regierungsparteien dech awer elo, a wëllen den Index op eng Tranche… Continue reading De Marc Goergen bei RTL an der fräi politescher Tribün

Beschlagnahmung vun Fligeren

Wéi an däitsche Medien ze liesen ass, plangt d’USA d’Fligeren, déi am Besetz vum Roman Abramowitsch sinn, ze beschlagnamen. De “Warrant of Seizure” nennt dann och d’Gulfstream Maschinn LX-RAY, déi ënnert Lëtzebuergeschem Fändel flitt. Den amerikanesche Justizministère huet aktiv Schrëtt ugekënnegt, fir an de Besetz vun dëse Fligeren ze kommen. An deem Zesummenhang hu mir… Continue reading Beschlagnahmung vun Fligeren

Mat de Pirate wäert keng Indextranche manipuléiert oder ausgesat ginn

Communiqué De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hat haut [12.05.2022] am RTL-Radio gefrot, wéi d’Parteien zur Indexdiskussioun stinn. D’Piraten bleiwe bei der Positioun, dass all Indextranche dann muss faalen, wann déi 2,5% Inflatioun erreescht sinn. Den Index ass grad an dëse Momenter de richtege Mechanismus, fir dem Land eng gewësse Rou a Previsibilitéit ze ginn.… Continue reading Mat de Pirate wäert keng Indextranche manipuléiert oder ausgesat ginn

Schold vis-à-vis vun der Steierverwaltung

An der Fro Nummer 5904 hunn d’Piraten d’Ministesch op déi schwiereg Situatioun vu Persounen opmierksam gemaach, déi vun enger Zwangsandreiwung vun der Steierverwaltung betraff sinn. Et ass allerdéngs esou, dass et och Leit ginn, déi net vun enger Zwangsandreiwung betraff sinn, mee déi awer eng héisch Schold vis-à-vis vun der Steierverwaltung hunn. An deem Zesummenhang… Continue reading Schold vis-à-vis vun der Steierverwaltung

Feehler bei Decisioune vun der Steierverwaltung

Euro banknotes and judge gavel on rusty table.

An engem Artikel vum 15te Mäerz 2022 op zeit.de kann ee Folgendes liesen:“In strittigen Steuerverfahren unterlaufen den deutschen Finanzämtern viele Fehler: Im vergangenen Jahren haben klagende Bürger und Unternehmen fast die Hälfte der Revisionsverfahren vor dem Bundesfinanzhof (BFH) in München gewonnen. Der Großteil der Steuerbescheide in Deutschland wird nicht angefochten […]. Doch erreicht ein Rechtsstreit… Continue reading Feehler bei Decisioune vun der Steierverwaltung

Leit, déi op den Auto ugewise sinn, net am Stach loossen!

D’Präisser op der Pompel sinn explodéiert an net jidderee kann elo direkt een Elektroauto kafen. Mir dierfen d’Leit, déi op den Auto ugewise sinn, net am Stach loossen a mussen hinnen elo direkt hëllefen. Dofir hu mir an der Chamber gefuerdert, dass d’Frais de Déplacement erhéijt ginn an esou jiddereen direkt bei sengem nächste Salaire… Continue reading Leit, déi op den Auto ugewise sinn, net am Stach loossen!