ACCOUNT

D’Ekippen beim 112 – Réckfro

112 emergency concept. Wooden dices with phone icon and 112 text. Copy space white background

A menger parlamentarescher Fro Nummer 4938 vu September 2021 hat ech d’Madamm Ministesch op verschidde potentiell Dysfonctionementer um 112 higewisen. Laut der Äntwert op d’Fro 6982, Froen 1 an 2, huet d’Madamm Ministesch nëmmen d’Informatioun vun 2 Agente beim CGDIS, déi den 112 verlooss hunn, an eng Persoun, déi geplangt huet de Service ze verloossen.… Continue reading D’Ekippen beim 112 – Réckfro

Personal an der Ecole nationale pour adultes (ENAD)

close up of teacher hand with marker while teaching lessons in school classroom to multiethnic students

An der Ecole nationale pour adultes (ENAD) schaffen ënnert anerem Proffen (professeurs, fonctionnaires) a Formateurs d‘adultes (fonctionnaires). Am Géigesaz zu anere Lycée’en, ginn et an der ENAD am Kader vun der Berechnung vun der Tâche eng Partie Ënnerscheeder, méi genau eng Partie Ongerechtegkeeten. Dat selwecht gëllt fir d’Ënnerscheeder tëscht de Proffen an de Formateurs d’adultes,… Continue reading Personal an der Ecole nationale pour adultes (ENAD)

Ausbezuele vun de Solar-Subventiounen Nofro

An der Äntwert op d’Fro 6969 huet de Minister d’Zuele ginn zu den ausbezuelte Solar-Subventiounen. De Minister huet an der Äntwert missten zouginn, dass bis elo nach keng Demande vun 2022 traitéiert wier. Verschidde Biergerinnen a Bierger hunn hir Anlag via Prêt op der Bank kaaft a konnten de Subside esou nach net notze fir… Continue reading Ausbezuele vun de Solar-Subventiounen Nofro

Top Beamten an de Ministèren

Säit der Regierung Juncker/Asselborn II huet di maximal Zuel vu Spëtzebeamten (Administrateurs généraux, 1er conseillers de gouvernement, conseillers de gouvernement première classe, conseillers de gouvernement, conseillers de gouvernement adjoints) sech vun 79 op 126 erweidert.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Kënnen d’Ministeschen an d’Ministeren d’Ventilatioun vun der Unzuel vun de… Continue reading Top Beamten an de Ministèren

D’Ekippen beim 112 an 113 – Nofro

A menger parlamentarescher Fro Nummer 4938 vu September 2021 hat ech d’Madamm Ministesch op verschidde potentiell Dysfonctionementer um 112 higewisen. Laut mengen Informatioune soll sech d’Situatioun um 112 net verbessert hunn. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Agenten hunn säit Ufanks dës Joers den 112 verlooss? Ginn et weider… Continue reading D’Ekippen beim 112 an 113 – Nofro

Mobbing am ëffentlechen Déngscht

Mobbing concept. Wooden blocks with text and human figurines at background. Copy space

Op der Website vun der ITM gëtt Mobbing esou definéiert: “Mobbing bezeichnet eine konfliktbehaftete Beziehung am Arbeitsplatz, sowohl zwischen Kollegen, als auch zwischen Vorgesetzten und Untergeordneten. Die Zielperson, das Opfer, wird über einen längeren Zeitraum wiederholt und systematisch angegriffen, mit dem Ziel, sie auszugrenzen (H. Leymann, schwedischer Psychologe). Jemanden daran hindern sich auszudrücken, ihn ausgrenzen,… Continue reading Mobbing am ëffentlechen Déngscht

Recommendatioune vum IWF fir den ëffentlechen Déngscht

An engem Artikel vum 100,7 “Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen” vum 12. Juni 2022 gi verschidde Mesuren thematiséiert, déi den Internationale Wärungsfong Lëtzebuerg virschléit. Niewent luewende Wierder mécht den Country Report No. 22/152 och op verschidden Ëmstänn opmierksam, déi en als déficitaire ugeséit. Nohuelbedarf géing et a Saache Logement, am ëffentlechen Déngscht ewéi och… Continue reading Recommendatioune vum IWF fir den ëffentlechen Déngscht

Entloossung no Kritik un Iwwerschwemmungsmanagement: E Fall fir den Deontologieskodex?

Wéi aus engem Artikel um Site vum 100,7 vum 30.05.2022 ervir geet, soll e Mataarbechter vun der Firma RSS-Hydro gekënnegt kritt hunn, nodeems hien sech an de Medien ëffentlech a kritesch géint d’Regierungshandele wärend den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 geäussert hat. D’Kënnegung soll zustane komm sinn, well de Patron vun der Firma evitéiere wollt, ënnert… Continue reading Entloossung no Kritik un Iwwerschwemmungsmanagement: E Fall fir den Deontologieskodex?

Nei Astellungen am Ëmweltministère

Department heads manager are shaking hands and accept to new employee in office room.

Als “Invité vun der Redaktioun” am RTL-Interview vum 12te Mee, huet d’Madamm Ministesch bestätegt, neit Personal agestallt ze hunn, dat si bei hirer Aarbecht am kommende Joer am Ëmweltministère soll ënnerstëtzen.   An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Persoune goufen zousätzlech agestallt? Wéi laang huet d’Astellungsprozedur am kierzeste Fall… Continue reading Nei Astellungen am Ëmweltministère

FRO.LU: Télétravail an der Fonction publique

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Am Mee d’lescht Joer hat ech de Minister an enger parlamentarescher Fro op den Télétravail beim Staat ugeschwat. De Minister hat deemools erkläert, dass d’Chefs d’administrations vum Staat hiren Employéeën a Fonctionnairë bis zu 4 Deeg Télétravail kënnen erméiglechen, “do wou et Sënn mëscht”. An deem Zesummenhang hu mir… Continue reading FRO.LU: Télétravail an der Fonction publique