ACCOUNT

Insolvenz vun FTX

Iwwert de Weekend gouf bekannt, dass d’Kryptobörse FTX Insolvenz ugemellt huet. D’Verméige vu FTX ass agefruer an Ermëttler ginn elo de Grënn vun der Insolvenz an dem méigleche Verschwanne vun Honnerte Millioune vu Kryptowärungen no. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Huet FTX Verbindungen zu Lëtzebuerg?  • Wa jo, wéi eng? … Continue reading Insolvenz vun FTX

Mesure géint d’Hierstellung vun Child sexual abuse material

Context:Heure d’actualité – Proposition législative de l’UE visant à prévenir et à combattre les abus sexuels sur les enfants en ligne D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Dass BEE SECURE schonn Traininge fir Grondschoulen (ab dem Cycle 2.2) a Lycéesklassen op fräiwëlleger Basis ubitt; Dass BEE SECURE op hirer Website Informatiounen zu den Theme CSAM („Child sexual abuse… Continue reading Mesure géint d’Hierstellung vun Child sexual abuse material

Protektioun vum Dateschutz #Chatcontrol

Context:Heure d’actualité – Proposition législative de l’UE visant à prévenir et à combattre les abus sexuels sur les enfants en ligne D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Dass d’Charta vun de Grondrechter vun der europäescher Unioun de Respekt vum Privat- a Familljeliewen an de Schutz vu persounebezunnen Date mat den Artikele 7 an 8 festschreift; Dass d’Recht op… Continue reading Protektioun vum Dateschutz #Chatcontrol

Unerkennung vun digitalen ukraineschen Dokumenter

Unlocking smartphone with fingerprint scan sensor, man using modern security technology feature to authenticate access and use device

Mat Hëllef vun der ukrainescher App Dija (“Aktion”) goufe virum Ausbroch vum Krich an der Ukrain eng Rei staatlech administrativ Prozeduren an och perséinlech Pabeieren digitaliséiert. De Benotzer*innen vun der App ass et esou bspw. méiglech offiziell Dokumenter an der App ze generéieren/späicheren a bei enger Kontroll ze presentéieren. Grad a Krichszäite kann et fir… Continue reading Unerkennung vun digitalen ukraineschen Dokumenter

Asaz vu Spionagesoftware géint Politiker an Aktivisten

Wéi d’Online-Plattform “the Citizens Lab” en Méinde matgedeelt huet, si mindestens 3 katalanesch EU-Deputéiert, 31 Deputéiert vu katalanesche Parteien, 3 Parlamentspresidenten an 2 Regionalpresidente vun de Spy-Softwaren Pegasus a Candiru ausspionéiert ginn. Villes déit drop hin, dass d’spuenesche Regierung hannert dëse Spionageattacke stécht. Mir Pirate sinn entsat iwwert dës Berichter a fuerderen eis Regierung, grad… Continue reading Asaz vu Spionagesoftware géint Politiker an Aktivisten

Sécherheet vum GPS System

GPS-Systemer gehéiere mëttlerweil zum alldeegleche Liewen, sief dat am Secteur vun der Schëffffahrt, der Fligerei, an eisen Autoen oder an Handyen. De Krich an der Ukrain wéisst awer, wéi ufälleg dës Kommikatiounsform ka sinn. D’EASA, d’europäesch Fluchsecherheetsagentur, huet am Mäerz gemellt, dass et a verschiddenen europäesche Regiounen zu Ausfäll vum GPS koum. Dëst zum Beispill… Continue reading Sécherheet vum GPS System

Meteolux

De Méinden 21ten Februar huet Tageblatt bericht, dass d’Internetsäit vu Meteolux e puer Minutten nom Ausruffe vun der Alerte Rouge wéinst staarke Wandstéiss net méi erreechbar war. Laut Meteolux louch dësen Ausfall un enger Iwwerlaaschtung vum Server. Schonn d’lescht Joer wärend den Iwwerschwemmungen am Juli koum et zu technesche Problemer beim Site. An deem Zesummenhang… Continue reading Meteolux

Emgang mat Kryptowallets

An der parlamentarescher Fro Nummer 5082 hunn d’Justizministesch an de Finanzminister erkläert, dass d’« Section Nouvelles Technologies » bei der Police schonn iwwert eege Wallets verfüügt, an deene Kryptowärunge gespäichert kënne ginn, déi beschlagnaamt goufen. Wann Kryptowärungen esou beschlagnaamt an aus dem Verkéier gezu goufen, stellt sech d’Fro, wat mat de sougenannten “Coins” an de… Continue reading Emgang mat Kryptowallets

Staatlech Spionagesoftware verbidden

An engem Communiqué vum 15te Februar huet de Contrôleur européen de la protection des données (CEPD) eng Analys zur Spionagesoftware “Pegasus” gemaach, déi vun der israelescher Firma NSO ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf gëtt.  De Staatstrojaner hat am Summer fir Skandaler gesuergt, well een Netzwierk vun internationale Journalisten erausfonnt hat, dass Pegasus op Handye vun… Continue reading Staatlech Spionagesoftware verbidden

GouvID – Wäert déi nei staatlech Applikatioun och vum Privatsecteur benotzt kënne ginn?

Smiling man using application on his smartphone

Rezent huet de Minister déi nei Applikatioun GouvID virgestallt, déi et Persoune mat neier Carte d’identité erlaabt, sech iwwert den Chip aus hirer Kaart online ze identifizéieren. Wien nach keng Carte d’identité mat Chip huet an awer eng ausgestallt kréie wëll, éier déi al ofleeft, kann esou eng Kaart bei senger Gemeng ufroen. An deem… Continue reading GouvID – Wäert déi nei staatlech Applikatioun och vum Privatsecteur benotzt kënne ginn?