ACCOUNT

Accord tëscht der Belsch a Lëtzebuerg iwwert de Medezinstudium

Den Accord vum 17te Juli 2017 tëscht Lëtzebuerg an der Belsch iwwert d’Medezinstudium, deen de Lëtzebuerger Studenten nom éischte Joer hei am Land eng Weiderféierung vun hire Studien an der Belsch erméiglecht, gëllt nëmme fir Persounen, déi hire Lycée zu Lëtzebuerg gemaach hunn. Residenten, déi sech entscheet hunn, net zu Lëtzebuerg an ee Lycée ze… Continue reading Accord tëscht der Belsch a Lëtzebuerg iwwert de Medezinstudium

FRO.LU: Reconnaissance vun Ukraineschen Diplomer

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Honnerte vu Mënschen aus der Ukrain hunn am Moment hei zu Lëtzebuerg een Ënnerdaach misste fannen, wéinst dem russeschen Ugrëffskrich. Dës Leit hu sech hiert Liewen an der Ukrain opgebaut a sinn do an d’Schoul an/oder op d’Uni gaangen. D’ukrainesch Schüler wëllen hire schoulesche Parcours zu Lëtzebuerg dann och… Continue reading FRO.LU: Reconnaissance vun Ukraineschen Diplomer

Dubiéis Schoulmaterialien aus dem Internet

Happy smiling Caucasian boy and African American girl schoolchildren studying together using tablet device in classroom. Groups of schoolchildren working on task. Technologies for education concept.

Am Internet kënnen Enseignanten, déi hier Schoulstonne virbereede wëllen, eng ganz Rëtsch Ureegungen an och souguer ganz fäerdeg opgebaute Coure fannen. Net ëmmer goufen déi proposéiert Coursen awer vu Pedagogen ausgeschafft an och net all déi proposéiert Inhalter si konform mam Plan d’Etude. Eng eegestänneg inhaltlech Evaluatioun an eng Qualitéitskontroll duerch d’Enseignanten ass soumat onerlässlech… Continue reading Dubiéis Schoulmaterialien aus dem Internet

Orientéierungskommissiounen

Portrait of two smiling schoolgirls sitting on school corridor

All Joer schreiwen d’Primärschoulschüler um Enn vum Cycle 4.2 d’Epreuvë vum PFS (Passage de l’enseignement fondamental à l’enseignement secondaire). D’Resultater vun dësen Epreuvë fléisse mat an d’Entscheedung an, a wéi een Enseignement Secondaire e Kand vum Léierpersonal an den Elteren orientéiert soll ginn. Wann d’Elteren an d’Léierpersonal sech net eens gi bei dëser Entscheedung, kann… Continue reading Orientéierungskommissiounen

Tarifer beim IFEN

Als Partner vun den Enseignanten an den schouleschen Etablissementer stellt den Institut de formation de l’éducation national (IFEN) divers Servicer, virun allem wat d’Insertion professionnelle an d’Formation continue ubelaangt, zur Verfügung. Fir d’Missioune vum IFEN ze assuréieren, gräift dësen ob Formateuren/-tricen zeréck. Sou organiséiere si zum Beispill d’Formations générales ewéi och spéciales, si intervenéieren an… Continue reading Tarifer beim IFEN

Eurostat Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom

Dëst Joer waren 3.380 Schüler fir de Premièresexamen ageschriwwen. Laut dem Ministère louch den Taux de Reussite fir d’Premièresexamen 2021 bei 76 Prozent. En RTL-Artikel vum 24.05.2022 huet iwwert eng Eurostat-Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom beriicht: Laut dëser Etüd huet Lëtzebuerg den héchsten Taux an Europa mat Ronn 63 Prozent.… Continue reading Eurostat Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom

Austauschprogramm mat aneren Europaschoulen

Enseignanten hei am Land hunn d’Méiglechkeet iwwert ee Programm fir “Enseignants détachés” beim Educatiounsministère unzefroen, fir eng Réi Joren an engem anere Land an enger Europaschoul z’enseignéieren. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Enseignantë sinn am Moment an d’Ausland detachéiert? Kann de Minister Detailer zu dëser Prozedur ginn?  Um… Continue reading Austauschprogramm mat aneren Europaschoulen

Administratioun vum Éducatiounsministère

D’Educatioun stellt e kruziale Secteur an all demokrateschem Land duer, fir dass eng Gesellschaft iwwert mëndeg an emanzipéiert Bierger verfüügt.  De Wuesstem vum Lëtzebuerger Land huet an de lëschte Joer dozou bäigedroen, dass de Besoin u Personal am Enseignement geklommen ass. Dës Entwécklung wäert och weiderhin ze beobachte sinn. An deem Zesummenhang ass et wichteg,… Continue reading Administratioun vum Éducatiounsministère

Schoulmaterial fir Enseignanten

Duerch d’Pandemie huet den Télétravail ganz nei Ausmoossen ugeholl. Esou hunn och d’Enseignantë méi op dësen Outil missten zréckgräifen, an daat virun allem a Wochen, wou Homeschooling misst gemaach ginn, wéi z. B. am Februar d’lescht Joer. Dofir hat ech dem Minister eng Fro ( n°5505) zum Material iwwert den Télétravail am Enseignement gestallt. An… Continue reading Schoulmaterial fir Enseignanten

Bruttoinlandsausgaben fir Fuerschung an Innovatioun

Different business graph charts on yellow sticky notes for business planning review or marketing research analysis

Am Hibléck ob d’ “Konzept der Wissensgesellschaft” déi ob “Exzellenz und internationale Sichtbarkeit abzielt” gouf am Koalitiounsvertrag vun 2018 beschloss, dass d’Bruttoinlandsausgaben am Beräich Fuerschung an Innovatioun bis Ënn 2023 bei 0.8% vum PIB léie sollen. Laut OECD (“Gross Domestic Spending on R&D OECD Data”) läit Lëtzebuerg am Joer 2019 bei 1.133%. Am Joer 2004… Continue reading Bruttoinlandsausgaben fir Fuerschung an Innovatioun