ACCOUNT

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Juni 2022

News and newspaper headlines concept for media, journalism, press or newsletter

Newsletter Juni 2022 Ahoi, Et ass Zäit fir d’Neiegkeete vum Mount Juni! Direkt zwee nei Covid-Gesetzer goufen am Juni an der Chamber gestëmmt an eis Deputéiert haten déi grouss Éier de Volodymyr Zelensky, de Präsident vun der Ukrain, iwwert e Livestream an der Chamber ze héieren. Doriwwer eraus gouf et dräi Sëtzungswochen, wou nach eng… Continue reading Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Juni 2022

De Marc Goergen bei RTL an der fräi politescher Tribün

Kafkraaftverloscht, Präisdeierecht an Inflatioun. Dat bedeit, dass du mat dengem aktuellen Akommes  dir nach manner kafe kanns, wéi virun e puer Méint. Fir dat ze verhënneren, hu mir hei am Land ee gutt Gesetz: den Index! Wéi s du awer sécher matkrus beklauen déi 3 Regierungsparteien dech awer elo, a wëllen den Index op eng Tranche… Continue reading De Marc Goergen bei RTL an der fräi politescher Tribün

Piraten kämpfen fir den Erhalt vun der Kafkraaft

 Am Kader vum Budgetsgesetz: Upassunge vum Steierkredit fir Elengerzéiender D’Regierung hat eng Steierreform versprach, déi net kënnt. Et ginn awer vill Leit déi elo eng méi gerecht Steierpolitik brauchen an net bis 2024 oder nach méi spéit waarde kënnen. Mir Piraten fuerderen dofir, dass op mannst den Elengerzéienden direkt gehollef gëtt an deem s de Crédit d’impôt monoparentaux (CIM)… Continue reading Piraten kämpfen fir den Erhalt vun der Kafkraaft

Grënnungsversammlung zu Käl

Den 10te Mee huet sech d’Sektioun Käl/Téiteng  am Restaurant “op der Plaz” fir hier Grënnungsversammlung getraff. Och Piraten aus anere Gemengen si Moien soe komm.   Piraten: Méi Demokratie, méi Transparenz an eng méi modern a fair Politik fir deng Gemeng.  

Communiqué: Weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch

De 16ten Dezember haten d’Piraten hir éischt Gesetzespropos an d’Plénière vun der Chamber bruecht. Et goung hei drëms, d’Recouvrementsprozdur fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit réckwierkend op 2018 kréien ze kënnen, bis 2028 ze verlängeren. Donieft gouf och eng Motioun deposéiert, déi gefuerdert huet, dass deene Persounen, déi d’Recouvrementsprozedur erfollegräich ofgeschloss hunn, eng gratis Offer fir online Sproochen-… Continue reading Communiqué: Weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Mäerz 2022

Ahoi léiw Memberen, et ass nees Zäit fir den Newsletter!   Aktuelles: Och dëse Mount dominéiert de Krich an der Ukrain an seng Reperkussiounen op d’ganz EU. Dir fannt wéi ëmmer eng ganz Réi Links zu eisen Positiounen vu den Ugrëffer vu Russland awer coh natierlech zu allen aner Themen wéi gewinnt hei drënner. Wéi… Continue reading Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Mäerz 2022

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Februar 2022

Ahoi léiw Memberen, et ass nees Zäit fir den Newsletter! Aktuelles: Am aschneidenste war dëse Mount sécher de brutale russeschen Ugrëff vun der Ukrain, deen eis alleguer schockéiert huet an natierlech och an der Chamber en Thema war. Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren… Continue reading Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Februar 2022

Zu Gast am Land: E Puzzle – vill Stécker

D’Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg: E Problem deen zanter Joren – wat soen ech, zanter Joerzéngten – bekannt ass an déi haiteg Regierung ass net déi éischt, déi sech Zänn drun ausbäisst. D’Fakten leien um Dësch. D’Präisser explodéieren: déi vun den Haiser, déi vun den Appartementer an natierlech och déi vun de Bauplazen. Wann en Haus an… Continue reading Zu Gast am Land: E Puzzle – vill Stécker

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Dezember

Ahoi, Waat ass an der Chamber esou am Dezember geschitt? Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte… Continue reading Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Dezember

Komplementarwalen Weiler-la-Tour, d’Piraten sichen dech!

Zu Weiler zum Tuer (Weiler-la-Tour) muss erëm gewielt ginn nodeems zwee Conseilleren aus dem Gemengerot demissionéiert hunn. Gemengepolitik kann eppes ganz Spannendes, Erfëllendes sinn, schliisslech ass d’Gemeng déi Plaz, wou ganz konkret Politik gemaach gëtt a wou de Kontakt mat de Bierger besonnesch enk ass. Wann dir Loscht hutt, iech ze engagéieren an eventuell fir… Continue reading Komplementarwalen Weiler-la-Tour, d’Piraten sichen dech!