ACCOUNT

Lëtzebuerg zum Virreider am Carbon Capture maachen

D’Piraten hunn haut an der Chamber eng Gesetzespropose deposéiert, an där et dorëms geet, fir negativ Emissiounstechnologien – Stéchwuert Carbon Capture – massiv auszebauen. D’Propose huet zum Zil fir Lëtzebuerg an d’ganz Welt méi schnell zur Klimaneutralitéit hin ze beweegen. An de leschte Joren hu verschidden Etüden erausfonnt, dass d’Reduktioun vun den CO2-Emissiounen eleng net… Continue reading Lëtzebuerg zum Virreider am Carbon Capture maachen

Loyeren indexéieren: domadder muss Schluss sinn!

White miniature house models on graph indicating growth in real estate prices market

A verschiddene Mietverträg gëtt de Loyer nach indexéiert. Dat bedeit, dass bei all Indextranche de Loyer vum Locataire eropgeet. Virun allem am Commerce ass dat de Fall, mee och beim loune vu Wunnenge kënnt et awer nach vir, obwuel am Mietgesetz virgesinn ass, dass de Locataire sech dogéint wiere kann. Näischt schwätzt géint Upassunge vum Loyer, virun allem wann sech… Continue reading Loyeren indexéieren: domadder muss Schluss sinn!

Méi Dateschutz fir d’Wahljoer: d’Piraten maachen Eescht.

Padlock lying on white computer-keyboard closeup

D’Piraten hunn haut eng Demande gemaach, fir dass eise Gesetzesvirschlag vun 2019 (!) endlech an der Chamber behandelt gëtt. Mir wëllen net méi, dass d’Parteien einfach esou Zougrëff op Datebanke vun alle Leit hei am Land hunn, fir dann hier Wahlwerbung geziilt kënnen un d’Leit ze maachen, op Basis vun hirer Adress, Alter oder Nationalitéit. Mir fuerderen… Continue reading Méi Dateschutz fir d’Wahljoer: d’Piraten maachen Eescht.

Gesetzespropos Remboursement vun der CNS

Den 10te Februar hunn huet den Deputéierte Sven Clement eng Gesetzespropos fir d’Piraten zum Remboursement vun der CNS agereecht. Am Moment huet een 2 Joer Zäit, fir seng bezuelten Doktersrechnunge bei der CNS anzeschécken. Elo kann et eemol sinn, dass eng Rechnung verluer geet, oder dass een einfach gesondheetlech net méi esou fit ass an seng Saachen… Continue reading Gesetzespropos Remboursement vun der CNS

Eng Limitt fir d’Kommissioune vun Immobilienagencen

Unrecognizable young couple with real estate agent looking at residential property for sale, outdoors

D’Logementskris zu Lëtzebuerg kennt vill Verléierer. Si kennt awer och vill Gewënner. Ënnert hinne fannen sech d’Immobilienagencen, déi sech fir all Vente eng Kommissioun sécheren. Zënter 2013 hunn sech d’Präisser vun neie Wunnengen (Appartementer) bal verduebelt (Source: Observatoire de l’Habitat). Fir d’Immobilienagence ass dës Präishausse vu Virdeel, well si bannent manner wéi 10 Joer hir duerchschnëttlech… Continue reading Eng Limitt fir d’Kommissioune vun Immobilienagencen

Endlech méi Tranzparenz an der Politik (Lobbykalenner)

a scale with one person and money and many people on the other side 3d-illustration

Wat ass ee Lobbykalenner? De Lobbykalenner ass ee Register (=eng Lëscht), an där d’Reunioune vun den Deputéierte mat Interessegruppen ëffentlech publizéiert ginn. Beim Lobbykalenner geet et drëm d’Transparenz vun der Politik z’erhéijen. D’Biergerinnen a Bierger sollen einfach kënnen nokucke mat wéi engen Organisatiounen sech Politiker getraff hunn a wat während dësem Treffe beschwat gouf. Lobbycal bei de Piraten D’Piraten-Deputéiert Clement… Continue reading Endlech méi Tranzparenz an der Politik (Lobbykalenner)

Gesetzespropos fir méi gerecht Pensiounen

Den 13ten Oktober huet de Sven Clement eng Gesetzespropos zu de Pensiounen an der Chamber agereecht. Dës Propos gouf vun der Chambre des Salariés (CSL) ausgeschafft an d’Piraten hunn decidéiert, dës Propos offiziell an der Chamber ze deposéieren.   Wat beinhalt dës Gesetzespropos?  1. Dës Gesetzespropos huet als Zil, fir de Minimum deen eng Persoun an hirer Pensioun ze gutt huet vun… Continue reading Gesetzespropos fir méi gerecht Pensiounen

Bauterrainen endlech bebauen – d’Piraten proposéieren ee Gesetzesvirschlo fir Bauland ze mobiliséieren

closeup back view of male engineer standing on construction site holding white hardhat

D’Piraten hunn am Oktober selwer ee Gesetz an der Chamber proposéiert, fir déi vill Bauterrainen, déi gréisstendeels am Besëtz vun e puer grousse Besëtzer sinn, endlech ze mobiliséieren. Op Basis vu wëssenschaftleche Etüden hu mir eis entscheed, fri mat enger fairer Steier déi Leit zum bau ze beweegen, déi d’Terrain’en hunn. Fir kleng Proprietairen net… Continue reading Bauterrainen endlech bebauen – d’Piraten proposéieren ee Gesetzesvirschlo fir Bauland ze mobiliséieren

Walrecht fir EU-Bierger bei de Gemengewalen

Den 12ten Mee 2021 huet de Sven Clement am Numm vun de Piraten eng néi Gesetzespropositioun an der Chamber agereecht. Ëm wat geet et? D’Pirate fuerderen, dass och d’Residenten, déi keng Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, kënne méi einfach bei de Gemengewale matmaachen. Haut ass et nämlech esou, dass vun de ronn 250’000 EU-Bierger am Land, nëmmen 23% op Wielerlëschten ageschriwwe… Continue reading Walrecht fir EU-Bierger bei de Gemengewalen

Gesetzespropositioun fir eng besser Protektioun vun de Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer

Senior woman with walking frame and caregiver or healthcare worker outdoors on a walk in park, coronavirus concept.

Virum Hannergrond vun den erschreckende Verloschter, déi ganz vill Famillen an de leschte Wochen opgrond vu Corona-Clusteren an Alters- a Fleegeheemer an och a betreite Wunnstrukturen, ze erleiden haten, sinn d’Piraten der Meenung, dass d’Covid-Gesetz misst adaptéiert ginn. Nei Dispositiounen, déi méi konkret Reegelen, wéi d’Haiser hier eeler Bewunner schütze mussen, sinn dréngend néideg. Déi lescht Wochen… Continue reading Gesetzespropositioun fir eng besser Protektioun vun de Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer