ACCOUNT

Kontroll vum Gemengesyndikat SIGI

De Sigi (Syndicat intercommunal de gestion informatique) kënnt net méi aus den Negativ-Schlagzeilen eraus. Et geet em eng schlecht Gestioun vu Projeten, eng onduerchsiichteg Handhabung vum Budget, eng katastrophal Personalpolitik, en immens groussen Turnover, d’Grënnung vun enger Stëftung, déi anscheinend kee brauch, asw. Alles dat ass nozeliesen an der Press, verschidde Gemengen hu sech schonn… Continue reading Kontroll vum Gemengesyndikat SIGI

Bestätigt: Rechtsruck im Petinger Gemeinderat. LSAP und CSV helfen Rechtsextremen (wieder Mal).

  Eigentlich dürfte es für Politiker keine Überraschungen mehr geben. Und doch kam es im Petinger Gemeinderat vom 30. Mai wieder mal anders. Während die CSV und LSAP in der nationalen Politik für eine tolerante und weltoffene Politik stehen, hat die Koalition im Petinger Gemeinderat schon wieder eine Person von der Partei „Déi Konservativ“ in… Continue reading Bestätigt: Rechtsruck im Petinger Gemeinderat. LSAP und CSV helfen Rechtsextremen (wieder Mal).

Luetstatiounen op der Rodange Gare

Aktuell gëtt d’Gare zu Rodange komplett frësch gemaach an erweidert. Och d’Haltestell fir d’Busser gëtt erweidert. Bis 2030 soll d’Busflott beim RGTR, dem Minister no, komplett elektresch fueren. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt: Sinn op der Bushaltestell zu Rodange, déi jo een Terminus vu verschiddene Buslinnen ass, Luetstatioune fir Elektrobusser… Continue reading Luetstatiounen op der Rodange Gare

Stau a Kaméidi op der Péitenger Collectrice

A menger parlamentarescher Fro n°3847 hat ech dem Minister verschidde Léisungsvirschléi fir d’Trafficsituatioun op der Péitenger Collectrice proposéiert. Zur Iddi vun enger Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point beim LMA hat de Minister gesot, dass an enger spéiderer Phase eng Ënnerféierung beim Rond-Point virgesi wier an dass zu deem Zäitpunkt Traficsimulatioune missten duerchgefouert ginn, fir dat Ganzt… Continue reading Stau a Kaméidi op der Péitenger Collectrice

Busparking beim Lycée Mathias Adam

Touristic buses in a row

Zu Rodange gëtt aktuell d’Gare ganz frësch gemaach an ausgebaut. Am Kader vun dësen Aarbechte gëtt och d’Busgare aktuell nei gemaach an erweidert. Bis dës Aarbechte fäerdeg sinn, mussen d’RGTR-Busser anzwousch anescht stoe goen. Verschidde Busser fueren deemno queesch duerch d’Gemeng op der Sich no enger Parkplaz.  De Busparking beim Lycée Mathias Adam (Kadasterparzell 933/4221)… Continue reading Busparking beim Lycée Mathias Adam

Kënnt eng nei Eisebunnsënnerféierung zu Péiteng?

An der Äntwert op parlamentaresch Fro n°5766 zum Wunnprojet am Zentrum vu Péiteng huet de Logementsminister geschriwwen, dass aktuell iwwerluecht gëtt, fir d’Eisebunnsënnerféierung duerch e méi groussen Ouvrage z’ersetzen.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Kann de Minister Informatiounen dozou ginn, wéi dës Ënnerféierung herno soll ausgesinn? Wéi vill Meter kéint… Continue reading Kënnt eng nei Eisebunnsënnerféierung zu Péiteng?

Wunnprojet “Ecosider” zu Péiteng

Am Péitenger Zentrum, net wäit vun der Gare, läit eng 5 Hektar grouss Parzell mat der Kadasternummer 1177/8197, déi zënter Joren dem Staat gehéiert. Dës Parzell ass, zesumme mat den Terraine ronderëm, am PAG als Wunnzon klasséiert an se gëtt souguer am Plan directeur sectoriel « logement » als zone prioritaire d’habitation opgefouert. D’Weiche sinn… Continue reading Wunnprojet “Ecosider” zu Péiteng

Kaméidi am Kordall – wat maachen géint den Traffic op der Collectrice?

Esou wéi den Ëmweltministère et gefuerdert hat, hunn 9 Südgemenge viru kuerzem een Aktiounsplang géint Kaméidi ausgeschafft an dësen a verschiddee Gemengerotssëtzunge schonns thematiséiert an diskutéiert. Esou wéi a villen anere Gemengen, gouf och zu Péiteng de Stroossen – a Schinneverkéier als Haaptquell vum Kaméidi identifizéiert. Zu Péiteng ass et notamment de Kaméidi duerch de… Continue reading Kaméidi am Kordall – wat maachen géint den Traffic op der Collectrice?

Denkmalschutz zu Péiteng – eng Katastrophe?

Shovel of excavator or bulldozer. Detail of part of hydraulic and pneumatic mechanism using in industrial machine. Technology

Fro un de Schäfferot a Buergermeeschter zum Thema Denkmalschutz Sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech dem Schäfferot a Buergermeeschter eng Fro stellen. An engem Artikel op RTL.LU vum 24te Februar, deen iwwert den Denkmalschutz handelt, kënnt d’Gemeng Péiteng guer net gutt ewech. Eng Lëscht, déi ee Grupp vun Denkmalschützer op… Continue reading Denkmalschutz zu Péiteng – eng Katastrophe?

Schléissung vum Policebüro zu Käerjeng: wéi gouf ëmorganiséiert?

Mat der Reorganisatioun vun der Police, déi dës Regierung an d’Weeër geluecht huet, goufen eng Rëtsch Kommissariater an de leschte Joren zougemaach an op aner Uertschafte verluecht. Hat fréier bal all Uertschaft säi Kommissariat, esou gëtt haut méi Wäert op eng Zentraliséierung vun der Kommissariater geluecht an, datt d’Poliziste méi Presenz op de Stroossen weisen.… Continue reading Schléissung vum Policebüro zu Käerjeng: wéi gouf ëmorganiséiert?