Ze vill Plastik an der Bréifboîte!

D’Piraten hunn de Ministerë fir Kommunikatioun a Medien & Emwelt, Klima, a nohalteg Entwécklung eng parlamentaresch Fro gestallt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: All Joers produzéiert Lëtzebuerg Tonnen u Plastikmüll. Fir d’Quantitéit u Plastik, deen ewech geheit gëtt, ze reduzéieren, gëtt aktuell vill driwwer geschwat Produiten, déi och aus alternative Read more…

Ried iwwert d’Infrastrukturprojekter

Gesetzesprojekt 7397 iwwert d’Finanzéierung vun 33 Bauteprojeten, dorënner den Tram.
Vott Piraten: Enthalung

M. Marc Goergen (Piraten).- Här President, fir d’Éischt emol Merci dem Här Back fir deen ausféierleche Rapport iwwert déi 33 Projeten. Dat sinn 33 Projeten, wou een awer och herno muss un déi Leit denken, déi déi Projete mussen ëmsetzen. An dat sinn herno d’Aarbechter, déi op de Chantiere wäerte schaffen. An do wäerte mir awer ganz kloer drop kucken, dass déi Firmen, déi do engagéiert ginn, och wierklech d’Aarbechtskonditiounen anhale wäerten, well et ass net ëmmer esou einfach, um Bau ze schaffen; dat däerf een och net vergiessen, bei all dëse Milliouneprojeten.

An dofir wäerten d’Piraten sech och dergéintstellen, wann, wéi an der Press ugekënnegt, déi Diskussioun wäert kommen, ob een de Congé collectif elo oplockert oder net, fir dass d’Patronen nach méi schnell kënne bauen, deementspriechend, well déi Leit geschützt misste gi virun de Wieder- an de Meteobedéngungen.

Weiderliesen

D’Präiserhéijunge vun der SNCT

No eiser éischter Fro zu de Präiserhéijunge bei der SNCT, hunn d’Piraten de Ministere fir Konsumenteschutz & Mobilitéit eng weider parlamentaresch Fro iwwert d’Tariffer bei der SNCT gestallt, dës Kéier mam Fokus op de Konsumenteschutz. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: D’Union des Consommateurs Luxembourgeois (ULC) fuerdert an Read more…

Präiserhéijunge bei der SNCT

Wéi op der Website vun der SNCT publizéiert, sinn d’Präisser vum Contrôle Technique an d’Luucht gaangen. Esou ginn innerhalb vun engem Joer den Dreifstoff an de Contrôle Technique méi deier. D’Pirate stelle fest, dass déi Erhéijunge gutt an déi aktuell Anti-Auto-Politik vun eiser Regierung passen. Dofir hu mer dem Minister fir Mobilitéit Read more…

Big brother is watching you: Staatstrojaner zu Lëtzebuerg?

D’Piraten hunn de Ministere fir Verdeedegung, Bannenzeg Sécherheet & Kommunikatioun a Medien eng parlamentaresch Fro iwwert d’Benotzung vu Staatstrojaner am Kontext mat Zero-Day-Schwaachstelle gestallt. Eis Positioun heizou ass kloer: mer Piraten si gänzlech géint d’Ausnotze vu Schwaachstellen duerch Trojaner. Mer veruerteelen d’Ausnotzung vu Zero-Day-Schwaachstellen ob Hacker oder Staat. All ëffentlech Instanz huet et Read more…

Ontransparent Angeboter an der Telekommunikatioun. Wéi d’Läit besser opklären?

D’Piraten hunn der Ministesch fir Konsumenteschutz eng parlamentaresch Fro iwwert d’Transparenz bei Angeboter an der Telekommunikatioun gestalt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: A ville Beräicher, mee haaptsachlech am Beräich vun der Telekommunikatioun gëtt et ëmmer méi üblech, datt Abonnementerugebuede ginn, bei deenen ee wärend den éischte Read more…

Pfandbréiwer an erneierbar Energien. Eng Kombinatioun, déi et gläich net méi gëtt?

D’Piraten hunn de Ministere fir Energie & Finanzen eng parlamentaresch Fro iwwert eng bevirstoend EU-Harmoniséierung iwwert gedeckten Scholdverschreiwungen gestalt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Säit der Ännerung vum 22. Juni 2018 vum Gesetz vum 5. Abrëll 1993 kennen zu Lëtzebuerg dem Artikel 12-1 entspriechend net nëmme Prêten, déi duerch Immobilien, mee Read more…