ACCOUNT

Büroskrankheeten

Déi zu Lëtzebuerg dominéierend tertiärer Ekonomie an den hier zugronn leienden Déngschtleeschtungssecteur hunn dofir gesuergt, dass d’Beruffsliewe vun ëmmer méi Leit vu Bürosaarbecht gepräägt ass.

Mam ville setze sinn awer och divers gesondheetlech Problemer a Verbindung ze bréngen. Vun héijem Bluttdrock, Iwwergewiicht a Réckewéi, bis hin zu Diabetes an enger verkierzter Liewenserwaardung: d’gesondheetlech Konsequenze vun dëse Büroskrankheete sinn net ze ignoréieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Leien dem Ministère Zuele fir, déi d’Evolutioun vun der Heefegkeet vun esou Büroskrankheete weisen? Wa jo, wéi hunn sech dës Zuelen an de leschten 10 Joer entwéckelt?

  2. Wat fir Krankheeten trieden hei am heefegsten op?

  3. Wéi huet sech d’Zomm vun de Remboursementer vun der CNS fir Behandlungen am Zesummenhang mat Büroskrankheeten an de leschten 10 Joer entwéckelt?
    Wéi héisch ass d’Zomm vun de Remboursementer vu Behandlunge vun engem Dokter?
    Wéi héisch ass d’Zomm vun de Remboursementer vu Behandlunge vun engem Kiné?

  4. Wéi huet sech d’Zomm vun de Remboursementer vun den Zousazversécherunge fir Behandlungen am Zesummenhang mat Büroskrankheeten an de leschten 10 Joer entwéckelt? 

  5. Wat fir konkret Preventiounsmoossnamen ënnerhëlt de Ministère, fir Employeur an Employé op dës Niewewierkungen opmierksam ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6037

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen