Bug Bounties

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Digitalisatioun & Verdeedegung weiderzeleeden.

Sougenannten « Bug Bounties » sinn en Outil, déi et Sécherheetsexperten erméiglechen an engem kloer definéierte Kader d’Sécherheet vun IT-Infrastrukturen ze testen an d’Faillen, déi dobäi fonnt ginn, ze mellen.

Meeschtens sinn dës Bug Bounties an der Zäit limitéiert an d’Sécherheetsexperte kréie pro Faille eng Belounung, monetär oder en nature, ausbezuelt.

Nieft groussen Entreprisë wéi Google, Yahoo oder Uber notzen och ëmmer méi Staaten respektiv Verwaltungen dësen Outil fir d’Sécherheet vun hire Systemer ze verbesseren.

Notabel dobäi sinn niewent der US Air Force och de Verdeedegungsministère vu Singapur.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Hunn d’Ministeren duerch hiren Austausch mat anere Länner Kenntnisser vun esou Programmer? Wa jo, wéi bewäerten d’Ministeren de Succès vun dësen?
  2. Wéi vill Faillen a staatleche Systemer goufen an deene leschte 5 Joer beim GovCERT gemellt, opgedeelt no Kategorie wéi am PRO 303 Dokument festgeluecht?
  3. Hunn d’Ministere Pläng fir dem Beispill vu Singapur oder der US Air Force nozeäifere fir e Bug Bounty-Programm zu Lëtzebuerg duerchzeféieren? Wann nee, firwat net? Falls jo, fir wéini plangen d’Ministeren esou en Event?
  4. Plangen d’Ministere weider Mesuren, fir dat ethescht Melle vu Sécherheetsfaillen ze promouvéieren? Falls jo, wéi eng?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen