Bruttoinlandsausgaben fir Fuerschung an Innovatioun

Am Hibléck ob d’ “Konzept der Wissensgesellschaft” déi ob “Exzellenz und internationale Sichtbarkeit abzielt” gouf am Koalitiounsvertrag vun 2018 beschloss, dass d’Bruttoinlandsausgaben am Beräich Fuerschung an Innovatioun bis Ënn 2023 bei 0.8% vum PIB léie sollen. Laut OECD (“Gross Domestic Spending on R&D OECD Data”) läit Lëtzebuerg am Joer 2019 bei 1.133%. Am Joer 2004 hunn Bruttoinlandsausgaben an Fuerschung a Innovatioun 1.603% vum PIB ausgemaach. Niewent engem laangjäregen Negativtrend läit Lëtzebuerg mat 1.113% däitlech ënnert dem OECD an EU Duerchschnëtt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Schätzen d’Ministeren déi ënnerduerchschnëttlech Positiounen am OECD an EU-Verglach als zefriddestellend an?

  2. Wann d’Bruttoinlandsausgaben fir Fuerschung an Innovatioun am Joer 2019 1.113% vum PIB ausgemaach hunn, wéi vill Prozent vum PIB maachen dës Ausgaben am Joer 2021 aus?

  3. Wisou gouf sech am Koalitiounsvertrag dofir entscheet, d’Bruttoinlandsausgaben fir Fuerschung an Innovatioun bei 0.8% vum PIB unzesetzen?

  4. Gouf beim Festsetze vun de Bruttoinlandsausgaben a Fuerschung an Innovatioun bei 0.8% vum PIB den nämmlechte Calcul benotzt wei bei der OECD-Statistik déi d’Ausgabe fir 2019 bei 1.113% beziffert? Falls jo, wier dann dovunner auszegoen, dass et am Zäitraum vun 2019 bis 2023 zu enger Baisse vun 0.3 Prozentpunkte kënnt?

  5. Wier et net fir d’ “Konzept der Wissensgesellschaft”, déi “Exzellenz” an “internationale Sichtbarkeit” als Finalitéit huet méi ubruecht, bei dësen Investissementer laangfristeg Erhéijung un ze viséieren, onofhängeg vun der Evolutioun vum PIB?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5686

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene