Bréif un de Chamberpresident: Firwat gëtt sech net un d’Delaie gehalen?

Här President, 

Den Artikel 82 vum Chambersreglement gesäit fir, datt all Deputéierten d’Recht huet schrëftlech Froen un d’Regierung ze stellen. Den Artikel 83 (2) vum Reglement hält ënnert anerem Folgendes fest : « La réponse écrite du Ministre compétent est envoyée au Président de la Chambre au plus tard dans un délai d’un mois ».

Leider musse mir feststellen, datt reegelméisseg Froen net am virgeschriwwenen Delai vun engem Mount beäntwert ginn an datt och keng Verlängerung vum Delai, wéi se am Artikel 83 (3) virgesinn ass, ugefrot ginn ass, respektiv vum Chamberpresident accordéiert ginn ass. Den Artikel 12 vum Chambersreglement gesäit iwwerdeems vir, datt de Chamberpresident iwwert d’Anhale vun dësem Reglement waacht.

Här President, Mir wëllen heimat eist Onversteesdemech géigeniwwer dësem Fait zum Ausdrock bréngen a mir géifen Iech froen de Ministeren, déi sech net un d‘Delaien halen, d‘fundamentaalt Reegelwierk vum éischte Pouvoir vum Land an Erënnerung ze ruffen.

Mat déiwem Respekt,

Sven Clement                                       Marc Goergen

Députés

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt