Bluddeg Protester am Eswatini

Säit e puer Woche protestéieren d’Bierger am afrikaneschen Eswatini (bis 2018 nach Swasiland) géint de Regime vum Kinék Mswati. D’Land huet staark mam Covid ze kämpfen. Nëmme ronn 3% vun der Bevëlkerung krute bis elo eng Impfdosis. Trotzdeem ginn d’Mënschen am Land momentan op d’Strooss, well si ee méi ee grousst Matsproocherecht fuerderen a fir ee Méi-Parteien-System antrieden. Säit 1973 si politesch Parteien am Land nämlech verbueden. Laut der Frankfurter Allgemeine Zeitung (FAZ) hunn d’Autoritéite gewaltsam op d’Protester reagéiert a mat Waffen op d’Ziviliste geschoss. Bis zu 60 Ziviliste solle laut Tagesschau schonn hiert d’Liewe gelooss hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi fern ass d’Lëtzebuerger Regierung iwwert d’Situatioun am Land informéiert?

  2. Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung?

  3. Sinn op internationalem Plang scho Moossname geholl ginn, fir d’Gewalt géint d’Bierger am Land ze stoppen? Wa jo, a wéi fern ka Lëtzebuerg sech hei bedeelegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4661

Zesummenhang posts

Wir Piraten haben in Petingen über die letzten Jahre eine kritische Position gegenüber dem Einfluss von einzelnen Bauunternehmer eingenommen und mehrfach einzelne Projekte, die
J’ai 27 ans, je suis mère et pédagogue sociale de formation. J’habite depuis plus de 14 ans dans la commune et c‘est avec fierté