Bis op Bartreng fir eng Foto

Am Fall wou eng Persoun vun engem Radar geblëtzt gëtt an d’Foto wëll gesinn, muss si sech an de Centre d’exploitation op Bartreng deplacéieren. Am Gesetz vum 1ten August 2018 zum Thema Dateschutz steet awer am Artikel 11 geschriwwen:

“Art. 11. Communication et modalités de l’exercice des droits de la personne concernée (1)Le responsable du traitement prend des mesures raisonnables pour fournir toute information visée à l’article 12 et procède à toute communication relative au traitement ayant trait à l’article 10, aux articles 13 à 17 et à l’article 30 à la personne concernée d’une façon concise, compréhensible et aisément accessible, en des termes clairs et simples. Les informations sont fournies par tout moyen approprié, y compris par voie électronique. De manière générale, le responsable du traitement fournit les informations sous la même forme que la demande.”

 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Fall wou eng Persoun eng digital Ufro oder ee Bréif schéckt (an der se een seng Autosplack an d’Referenz Nummer vum Avertissement ugëtt), fir Asiicht an den Dossier ze kréien, missten déi gefroten Informatiounen, an deem Fall d’Fotoen, net konform zum Artikel 11 am uewe genannte Gesetz, och op deem selwechte Wee zréck geschéckt ginn?

  2. Firwat gëtt an dësem Fall den Artikel 11 net applizéiert?

  3. An enger Äntwert op eng vu menge viregte parlamentaresche Froen (n°789) schreiwen d’Ministere fir Mobilitéit a Bannenzegt Sécherheet:

    Et kéint een driwwer nodenke fir op MyGuichet zréckzegräifen, allerdéngs muss als éischt iwwerpréift ginn inwiefern déi Optioun mat der aktueller Gesetzgebung iwwert den Dateschutz kompatibel ass.

    Ass tëschenzäitlech un esou engem System geschafft ginn, dee parallel zum CSA Büro kéint de Leit Accès zu de Fotoe vun de Radaren erméiglechen? 
    • Wéini gouf /gëtt den Aarbechtsgrupp zu dësem Thema zesummegestallt?
    • Falls bis elo net un dësem Dossier geschafft gouf, firwat net?

    Verlaf an der Chamber

    QP Nummer 3640

    Zesummenhang posts

    Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
    Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
    PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir