Bezierkskongress Zentrum 2022

Published by Piraten on

mir invitéiere  häerzlech op eisen nächste Bezierkskongress vum Bezierk Zentrum, deen de Mëttwoch, den 12te Oktober 2022, ab 18h30 zu Itzig, an der Salle « Am Duerf » stattfënnt.

D’Adress ass 3 Rue de Hesperange L-5959 Itzig.

De viraussiichtleche Programm vum Kongress gesäit esou aus:

  • Begréissung duerch de Marc Goergen, Koordinator vun der Partei & Deputéierten
  • Wahl vun der Kongressleedung
  • Wahl vum Bezierkscomité fir déi nächst zwee Joer. Folgend Posten stinn zur Wahl:
    2 Spriecher/in ; 1 Koordinator/in ; 1 Tresorier/ère a bis zu 5 weidere Comitésmemberen
  • Wahl vun 2 Keessepréifer/innen
  • Presentatioun vum Bilan 2021 vum Bezierk an Ausgangslag fir d’Wahljoer 2023
  • Politesch Ried vum Sven Clement, Deputéierten
  • Divers

Kandidature fir déi verschidde Poste kanns du bis den Dag virum Kongress op ahoi@piraten.lu oder per Bréif un d’Piratepartei areechen.

Denk drun, dass du däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2022 bezuelt musst hunn, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen an ze kandidéieren.

De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen:

Piratepartei Lëtzebuerg asbl

LU67 0019 3255 6480 6000 (BCEELULL)

Kommunikatioun: “Membersbäitrag + däin Numm + deng Gemeng”

Du kanns de Betrag och ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuelen: cotisation.pp.lu.

Mir erënneren drun, dass du op mannst 3 Méint muss Member sinn, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen. Falls dat net de Fall ass, bass du awer gären invitéiert fir laanscht kucken ze kommen a mat eis ze schwätzen.

Fir Gedrénks, Schnittercher a gutt Diskussiounen ass deen Owend natierlech och gesuergt. 

Mir freeën eis op dech !

Deng Piraten-Equipp


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.