An der Kräizerbuch goufen 2018 iwwer 32 Kilometer nei Bëschweeër duerch den Office national du Remembrement ugeluecht mam Ziel fir de Bësch weider ekonomesch z’erschléissen. Dëst Joer schéngt dëse Projet nach weider gedriwwen ze ginn a weider Aarbechten u befestegte Bëschweeër duerchgefouert ze ginn. Huesepied gi bei dësem Projet duerch 5-6m breet Schneise mat befestegte Weeër ausgebaut, respektiv nei Schneise geschloe fir d’Weeër z’erméiglechen.
An der Studie “Evaluierung der ökologischen, ökonomischen und sozialen Effekte der Waldflurneuordnung in Luxemburg” vun 2017, um Beispill vun Iischpelt, hunn d’Auteure souwuel d’Akzeptanz vun der aktueller Remembrementsprozedur op Basis vum Gesetz vun 1964 a Fro gestallt, wéi och den Impakt op den Naturschutz vum Weebau, deen enger Optimallinn nogaangen ass amplaz ekonomesch Erschléissungsziler ze suivéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung des Froe gestallt:
- Wéi vill Projete vum ONR sinn aktuell a Planung respektiv an Duerchféierung?
- Wou befannen sech déi Projeten, wéi vill Surface betreffen se, wéi vill Besëtzer si jeeweils betraff a wéi vill Kilometer nei Weeër si pro Projet virgesinn?
- Fir all Projet vum ONR, wéi eng gesetzlech Method gëtt fir de Remembrement genotzt?
- Wéi héich sinn d’Käschte (pro Joer) fir déi läscht 5 Joer fir de Remembrement an d’Baue vu Weeër gewiescht?
- Ginn d’Surface, déi duerch nei Bëschweeër dem Bësch verluer ginn, kompenséiert?
- Wa jo, wéi vill Surface goufe pro Joer a Projet fir déi läscht 5 Joer kompenséiert?
- Falls nee, ass d’Ministesch der Meenung datt dës Surfacen en vue vun der Klimakris missten a sollte kompenséiert ginn?
- Schätzt d’Ministesch, dass de Bau vun neie Bëschweeër ee wirtschaftlechen Ureiz duerstellt fir de Bësch weider op d’Käschte vun ökologeschen Aspekter z’exploitéieren?
- En vue vun der Promotioun vun alternativen “Rücketechniken”, wéi zum Beispill Päerd reiden oder d’Seelbunn, ass d’Ministesch der Meenung, datt befestegt Weeër am Bësch zäitgeméiss a kohärent sinn?
- Plangt den ONR nei Bëschweeër zesumme mat de jeeweilegen ORTen fir esou zumindest och eng kohärent Erschléissung fir den Tourismus “doheem” z’erméiglechen?
- Wéi plangt d’Regierung d’Haftungsrisiken, déi an der Studie “Evaluierung der ökologischen, ökonomischen und sozialen Effekte der Waldflurneuordnung in Luxemburg” genannt sinn, fir Privatbesëtzer duerch nei Weeër ze kompenséieren oder ze minimiséieren?
QP Numer 1272