Bauland am Besëtz vum Staat: wou gëtt gebaut? – Nofro

De Logementsministère huet rezent säi järlechen Aktivitéitsrapport vum Fonds spécial de soutien au développment du logement presentéiert, wou eng Rëtsch interessant Zuelen dra stinn. De Rapport weist, wéi vill méi Wunnengen vum Staat an deene leschte Joren gebaut goufen. De Rapport gëtt awer aktuell keen Iwwerbléck doriwwer, wéi schnell de Staat an d’ëffentlech Hand (Gemenge, ëffentlech Promoteuren, asw.) seng Baulandreserven notzt, wéi mer schonns a menger parlamentarescher Fro n°7242 opgefall war.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Hektar Bauland sinn am Besëtz vum Staat an der ëffentlecher Hand?
    Wéi huet sech dës Zuel iwwert déi vergaangen 5 Joer (opgelëscht pro Joer) entwéckelt?

  2. Wéi vill Hektar Wunnraum (Appartementer & Haiser) sinn am Besëtz vun der ëffentlecher Hand?
    Wéi huet sech dës Zuel iwwert déi vergaangen 5 Joer (opgelëscht pro Joer) entwéckelt?

  3. Wéi vill Hektar Bauland, am Besëtz vum Staat souwéi der ëffentlecher Hand, ginn aktuell bebaut? 

  4. Wéi vill Hektar Bauland vum Staat souwéi der ëffentlecher Hand sinn nach net bebaut?
    Fir wéi vill Hektar Bauland am Besëtz vum Staat souwéi den ëffentlecher Hand läit nach kee PAP vir?
    Fir wéi vill Hektar Bauland am Besëtz vum Staat souwéi den ëffentlecher Hand sinn, Stand haut, nach keng Baugenehmegungen ugefrot ginn?

  5. Wéi vill Hektar Bauland goufen an de vergaangenen 5 Joren (opgelëscht pro Joer) vum Staat an der ëffentlecher Hand opkaf a verkaf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8144

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt