ACCOUNT

Kontrolle bei Crèche

Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Kontrolle goufen an deene leschte 5 Joer bei privat Crèche gemaach, fir sécher ze stellen, dass den Agrément agehale gëtt?… Continue reading Kontrolle bei Crèche

Accidenter um CR101 – CR110

An der Nuecht vum 1ten Dezember op den 2ten Dezember si bannent 24 Stonnen zwee Accidenter op der Kräizung tëschent dem CR101-CR110 zu Kéinzeg passéiert (Kräizung tëschent der Rue Basse, Rue Longue & Rue de la Gare). Et ass net déi éischte Kéier, dass et zu Accidenter op dëser Plaz kënnt. An deem Zesummenhang hu… Continue reading Accidenter um CR101 – CR110

Busser op Mont-Saint-Martin

Stand Enn November koum et zu Lëtzebuerg zu 15 schwéieren Aggressioune géint Buschaufferen am Land. Eng Attack, iwwert déi RTL bericht huet, ass déi géint ee Buschauffer op enger Linn zu Mont-Staint-Martin, op deen enges Owes geschoss gi war. Ab dem 11 Dezember fueren d’Linnen 703 an 732 Mont-Saint-Martin dofir net méi. Dës Linnen dierfen… Continue reading Busser op Mont-Saint-Martin

Rodange Grand Bis

Zu Rodange läit hannert den Tankstelle bei der Grenz nach eng grouss fräi Fläch vun 13 Hektar, déi als Zone d’Activités Grand Bis klasséiert ass. De Péitenger Gemengerot hat viru ganz laanger Zäit ee PAP fir déi Zon ausgeschafft an et gëtt nëmmen nach drop gewaart, fir dës Wirtschaftszon endlech kënnen z’erschléissen. All dës Terraine… Continue reading Rodange Grand Bis

Accessibilitéit vu Luedborne

The electric car charger plugged in to the socket.The modern electric car charging the battery.

De perséinlechen Auto spillt am Beräich vun der Mobilitéit eng grouss Roll. Nieft dem klassesche Verbrenner ginn awer och d’Elektroautoen ëmmer méi populär. Fir dës Elektroautoe mussen ëmmer méi Luedborne geschaaft ginn, dëst souwuel am ëffentleche wéi och am private Raum. Am Ausland ginn et schonn eng ganz Rei un Temoignage vu Leit mat ageschränkter… Continue reading Accessibilitéit vu Luedborne

Bauland am Besëtz vum Staat: wat gouf gebaut, wat gëtt gebaut?

D’Ministeren haten 2021 op enger Pressekonferenz d’Rapporte vum Observatoire de l’Habitat virgestallt, déi besoen, dass hei zu Lëtzebuerg nach 3.732 Hektar Land fir de Wunnengsbau kéinte benotzt ginn an deemno Platz fir 142.000 Wunnenge fir 300.000 Persoune wier.  Weider goung aus der Nott n°29 ervir, dass d’ëffentlech Hand – also de Staat, d’Gemengen an d’ëffentlech… Continue reading Bauland am Besëtz vum Staat: wat gouf gebaut, wat gëtt gebaut?

Ofbréch vun de Schüler an de Muséksschoulen

D’ Museken an de Museksunterrecht hunn eng wichteg Plaz an eiser Gesellschaft. Vill Gemenge sinn houfreg op hir Museken an hir Museksschoulen. Net all Schüler, deen an de Solfège geet oder ufänkt en Instrument ze léieren, mëscht awer seng Coursë fäerdeg. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Schüler hunn… Continue reading Ofbréch vun de Schüler an de Muséksschoulen

Licenciements chez Amazon

Selon le New York Times, Amazon envisagerait de licencier 10.000 salariés à l’échelle du monde. Amazon est également présent au Luxembourg. Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes au ministre :   Est-ce que le ministre dispose d’informations d’après lesquelles il est également prévu de licencier des travailleurs au Luxembourg ? Si c’est le… Continue reading Licenciements chez Amazon

Faillite FTX

Le weekend dernier, l’information a circulé comme quoi la bourse crypto FTX a annoncé un dépôt de bilan. Les actifs de FTX ont été gelés et des enquêteurs se penchent actuellement sur les raisons de cette faillite et sur la disparition éventuelle de centaines de millions de crypto-monnaies.   Dans ce contexte, j’aimerais poser les… Continue reading Faillite FTX

Policefichier: d’Pirate proposéieren kleng Ännerungen

Professional secretary working and searching files in the archive, she is opening a filing cabinet's drawer

De Piraten-Deputéierten Marc Goergen huet den 18ten November eng konstruktiv Ännerung proposéiert, wat d’Hale vu Log-Files  am Policefichier ugeet. De Gesetzesprojet vum Policefichier (mat der Nummer 7741) gëtt aktuell an der Chamber ausgeschafft a soll dem Dateschutz bei der Policeaarbecht méi Rechnung droen. D’Piraten proposéieren, dass d’Log-Files esou laang gehale ginn, wéi een Dossier an… Continue reading Policefichier: d’Pirate proposéieren kleng Ännerungen