Nieft den akademeschen Aus- a Fortbildunge sinn och déi praktesch Ausbildungen am Handwierk e wichtege Pilier vun eisem Ausbildungswiesen. Duerch eng gutt Formatioun kréie jonk Mënschen d’Méiglechkeet, hier Fäegkeeten ze entfalen a ginn op d’Aarbechtswelt preparéiert. Fir Betriber, déi sech fir d’Ausbildung vu Jonken engagéieren, ze kennzeechnen, huet d’Chambre des Métiers de Label “Entreprise Formatrice” an d’Liewe geruff. Dës Entreprisen an eng der Demande entspriechend Unzuel un Ausbildungsplaze si fir d’Handwierksausbildung onëmgänglech, well een Handwierk traditionell duerch eng praktesch Ausbildung erléiert muss ginn.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir ëffentlechen Déngscht dës Froe gestallt:
- Wéi vill Ausbildungsplazen (opgeschlësselt no Aart an Titel vum Diplom) hu staatlech Verwaltungen tëscht 2009 an 2019 pro Joer offréiert?
Wéi vill dovunner konnte besat ginn?
Béi wéi enge Beruffer koum et zu Situatiounen, an deene méi Kandidate wéi Plazen disponibel waren (opgeschlësselt no Joer an der Aart an dem Titel vum Diplom)?
Wéi vill Handwierker huet de Staat an der selwechter Period (2009-2019) pro Joer agestallt (onofhängeg vun hirer Carrière an der Aart vu Kontrakt)? - Wéi vill Prozent vun de Persounen, déi hir Ausbildung beim Staat ofgeschloss hunn, goufen duerno och beim Staat agestallt?
Wéi vill Prozent vun de Persounen, déi eng Ausbildungs absolvéiert hunn a beim Staat tëscht 2009 an 2019 agestallt goufen, goufe vu private Patronen ausgebilt (onofhängeg vun der Karriär an der Aart vum Kontrakt)? - Plangt d’Regierung an Zukunft Ausbildungsbetriber ze entschiedegen, wann e Salarié vun engem ëffentlechen Employeur an den éischte 5 Joer no der Ausbildung débauchéiert gëtt?
Falls jo: Bis wéini an ënnert wéi enger Form ass mat Kompensatiounsmesuren ze rechnen? - Huet d’Regierung fir, eng staatlech Karriär um CCP-Niveau anzeféieren, fir Persoune mat entspriechenden Ausbildunge konkret Astellungsméiglechkeeten ze offréieren?