Atomaren Offall un der Grenz – Huet d’Regierung schlecht verhandelt beim Deal mat der Belsch ?

Déi belsch Pläng, fir no un der Lëtzebuerger Grenz atomar Offäll ze stockéieren, suerge bei der Lëtzebuerger Ëmweltministesch fir grousst „Onversteesdemech“. Et besteet een Accord mat der Belsch fir d’Gestioun vun atomaren Offäll. Mais wat ass eigentlech am Deal mat der Belsch festgehalen ginn? An firwat goufen déi aktuell Froen net am Virfeld geklärt? D’Piraten hu bei der Regierung nogefrot.

Déi belsch Pläng, fir no un der Lëtzebuerger Grenz atomar Offäll ze stockéieren, suerge bei der Lëtzebuerger Ëmweltministesch fir grousst „Onversteesdemech“.

De 15. Mee 2018 huet d’Chambre de Projet de loi n°7177 eestëmmeg votéiert. Beim dësem Projet de loi goung et ëm een Accord tëscht dem Grand-Duché an der Belscht, betreffend der Gestioun an dem definitiven Stockage vum radioaktiven lëtzebuergeschen Offall um Territoire vun der Belsch. Wärend der deemoleger Chamberdebatt hat een Deputéierten Folgendes ze bedenke ginn:

“„ (…) Et kann een sech och froen, wéi d’Diskussioun an der Belsch virugeet ëm de Stockage vun de radioaktiven Offäll. Wéi d’Madamm [Rapportrice] richteg gesot hat, hu si och nëmmen e provisoresche Site. An der Belsch gëtt et nach keen definitive Site fir radioaktiv Offäll. An et muss een also och d’Fro stellen: Wéi geet déi Diskussioun an der Belsch virun? An ass et wierklech eng op laang Dauer kredibel Léisung, déi eis hei proposéiert gëtt?“”

Den Artikel 2 vum bilateralen Ofkommes mat der Belsch hält iwwerdeems fest:

“« Les déchets radioactifs luxembourgeois conditionnés seront entreposés en Belgique jusqu’à leur stockage définitif dans les respects de la réglementation belge en vigueur. »”

Am Artikel 7 steet :

“«Le Grand-Duché de Luxembourg s’engage à couvrir tous les coûts occasionnés sur le territoire belge en exécution de l’article 2». A weider: « Le Grand-Duché de Luxembourg s’engage à s’acquitter de toutes les redevances présentes et futures pour la gestion à long terme sur le territoire belge des déchets radioactifs luxembourgeois qui font objet de cet accord, conformément au cadre règlementaire en vigueur en Belgique.»”

An de belschen Medien, tous médias francophones confondus, schwätzt déi belsch Ëmweltministesch vun engem «incident diplomatique sérieux» an ass irritéiert vun den Aussoen vun hirer lëtzebuergescher Homologue. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dir Dammen an Häre Ministeren, waren d‘Plaze fir de Stockage vum radioaktive Material Sujet vun Diskussioune wärend de Verhandlungen ëm de besote bilateralen Accord? Wa jo, wat ass d‘Resultat vun dësen Diskussioune gewiescht? Wa net, firwat net?

  2. Wëssend, datt scho wärend den Diskussiounen an der Chamber Bedenken opkomm sinn, betreffend de futur Sitë fir de Stockage vum radioaktive Material – Goufen et duerno nach eng Kéier Concertatioune mat de belschen Autoritéiten? Wa jo, wéini, wou, a wat ass dobäi eraus komm? Wa nee, firwat net?

  3. Madamm Ministesch, hat Dir well Gespréicher mat de belschen Autoritéite betreffend der laangjäreger, vun der Zivilgesellschaft gefuerderter, Fermeture vun de Centrales nucléaires an der Belsch ? Wa jo, wat war de Fin mot vun dëse Gespréicher? 

  4. Wéi vill Material vu Lëtzebuerg ass momentan an der Belsch entreposéiert? Wéi vill huet Lëtzebuerg déi läscht Jore fir de Stockage vun dësem Material bezuelt?

  5. Konform zum Artikel 2 a 7 vum bilateralen Accord – Wäert Lëtzebuerg sech, am Fall wou déi Sitten no un der lëtzebuergescher Grenz realiséiert géife ginn, mat un de Käschten fir de Bau bedeelegen? 

  6. Madamm an Här Minister, firwat ass am Kader vum bilateralen Ofkommes net een Arrangement fonnt ginn zesumme mat de belschen Autoritéiten, fir déi futur Sitten net an der Grenzregioun ze installéieren?

  7. Madamm Ministesch, hu Dir mat ärer belscher Homologe Kontakt opgeholl, ier Dir mat der Revelatioun vum Stockage no der lëtzebuergescher Grenz un d‘Press erugetruede sidd? Wa net, firwat net?

  8. Madamm Ministesch, hu Dir Iech mat der Regierung concertéiert, ier Dir mat der Revelatioun vum eventuelle Stockage vu radioaktivem Material no der lëtzebuergescher Grenz un d‘Press erugetruede sidd? Wa net, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2197

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat