Astreinte wéinst Fiches d’impôts

2021 goufen d’Fiches d’impôts vun der Steierverwaltung digitaliséiert, esou dass d’Salariéeën hir Fiches d’impôt net méi mussen un den Employeur weiderginn. Den Employeur muss des Fichen da vu MyGuichet eroflueden. Mëscht en dëst net, kann d’Steierverwaltung eng Astreinte oder Sommatioun ausspriechen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Astreinten a Sommatioune goufen an dësem Kader scho gesprach? Wéi héisch faalen dës Strofen an der Reegel aus?

  2. Wéi vill Astreinte goufen un Entreprisë gesprach, 

• déi iwwer 250 Salariéeën hunn?

• déi tëscht 50 an 250 Salariéeën hunn?

• déi tëscht 50 an 1 Salariéeën hunn?

3. Schwätzt d’ACD och Astreinten oder Sommatioune géint Entreprisen aus, déi keng Salariéeë beschäftegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6209

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat