Ass d’Gemeng Péiteng op de Coronavirus virbereet?

Här Buergermeeschter,
Esou wéi den Artikel 13 Alinea 3 vum Gemengegesetz et virgesäit, froe mir de Schäfferot folgende Punkt op den Ordre du Jour vun der nächster Gemengerotssëtzung de 24te Mäerz 2020 ze setzen:
- Am aktuelle Kontext vun der Verbreedung vum Coronavirus (COVID-19), wéi eng Mesüren sinn vum Schäfferot virgesinn, fir d’ëffentlech Déngschder an der Gemeng am Fall vun enger Infektioun vum Gemengepersonal weiderzeféieren? Existéiert ee Plang fir den ëffentlechen Déngscht oprecht z’erhalten oder wäerten d’Gemengeservicer am Fall vun enger Infektioun suspendéiert ginn?
0 Comments