Laut der Online-Plattform “the Citizens Lab” huet d’Spionagesoftware Pegasus ronn 63 katalanesch Politiker, Aktivisten an Affekote probéiert auszespionéieren. Bei mindestens 51 vun hinnen ass dëst gelongen. Net nëmme goufen hei Parlamentspresidenten an Deputéiert ugegraff, mee och hir Mataarbechter an enkste Familljemembere ware viséiert. Ee groussen Deel vun dëse Spionageakten ass schonn duerch d’Geriichtsaffär vu Facebook géint d’NSO 2019 bekannt ginn. Elo steet awer fest, dass nach vill weider Persounen duerch d’NSO an hir Auftraggeber ausspionéiert goufen.
Doduerch, dass d’Attacken ëmmer ronderëm wichteg Demonstratiounen oder Verhandlungen a Festname geschitt sinn an d’Firma NSO behaapt, dass si hier Software just u staatlech Organisatioune verkeeft, gëtt de Verdacht verschäerft, dass d’Regierung a Madrid an de spuenesche Geheimdéngscht CNI hannert dësen Attacke stiechen.
Mir Piraten hunn am Oktober zejoert an der Chamber virun de Gefore vu Spionagesoftware gewarnt, nodeems erauskoum, dass d’Spyware op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker erëmfonnt ginn ass.
Och de Contrôleur européen de la protection des données (CEPD) léisst an engem Communiqué vum 15te Februar 2022 kee gutt Hoer un de Praktiken, déi NSO de Staaten mam Gebrauch vu Pegasus erméiglecht, a proposéiert a senger véierter Recommandatioun, dass d’EU-Staaten de Gebrauch vun der Pegasus-Software ënnerbanne sollen. Notamment kéint een, nom CEPD, op Basis vum Artikel 83 vum TFEU d’Benotze vu Spyware als kriminell Aktivitéit definéieren. Mëttlerweil huet och d’europäescht Parlament eng Untersuchungskommissioun opgestallt, déi gëschter seng Aarbecht ugefaangen huet. D’Lëtzebuerger Regierung huet zouginn, dass den SRE mat esou engem Outil schafft, wat mir Pirate schwéier verurteelen.
Mir Pirate fuerdere weiderhin, d’Notze vun esou Spionagesoftware direkt ze stoppen a keng weider Software bei Firme wéi der NSO anzekafen. Mir fuerderen eis Regierung och op, sech op europäeschem Niveau dofir anzesetzen, dass d’Hannergrënn vun de Revelatioune vun “The Citizens Lab” geklärt ginn, an dass déi, déi den Asaz vum Tool géint gewielte Volleksvertrieder a Leit aus der Zivilbevëlkerung autoriséiert hunn, zur Verantwortung gezu ginn.