Asaz vu Lëtzebuerger Truppen am Mali

De 27ten August si 15 Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali geflunn, fir do vu Koulikoro aus véier Méint laang un der Missioun EUTM 2021-03 deelzehuelen. Laut der Noriichtenagentur Reuters ass de Regime am Mali amgaangen, mam russesche Söldnertrupp “Wagner” iwwert eng méiglech Ënnerstëtzung vun der malescher Arméi ze verhandelen. De Ministerpresident vu Mali huet dës Meldung weder dementéiert nach affirméiert.  De Kanzlerkandidat vun der CDU an d’Kandidatin vun de Gréngen aus Däitschland hunn an Interviewe kloer gemaach, dass den Asaz vu russesche Söldner kéint ee Réckzuch vun den däitschen Truppen aus dem Land bedeiten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Informatiounen, iwwert déi aktuell Situatioun am Mali an eng eventuell Ënnerstëtzung vun der malescher Arméi duerch russesch Söldnertruppen, huet Lëtzebuerg virleien?

  2. Falls sech d’Noriicht iwwert den Asaz vu russesche Söldner am Mali sollt bestätegen, wäert Lëtzebuerg den Asaz vun eisen Zaldoten am Mali fréizäiteg ofbriechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4988

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt