Ännerungsvirschléi vum Chambersreglement 8182, 8244, 8247, 8248, eng Rei Adaptatiounen no der Revisioun vun der Constitutioun, souwéi d’Änne- rungsvirschléi 8245 an 8246 iwwert d’Discipline parle- mentaire, souwéi den 8249 iwwert de Code de condui- te

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Mir schwätze jo elo zum Règlement. Da froen ech mech och grad, a wat fir enger Prozedur mer elo grad ware vun der Reiefolleg vun de Riedner. Mee dat emol just dohigestallt.

Als Éischt emol e grousse Merci un d’Rapportere vun deenen Texter. Et sinn eng ganz Rëtsch Texter an et war sécherlech och an der Kommissioun net ëmmer ganz einfach, do zu engem Konsens ze fannen. Mir hunn et herno fäerdegbruecht, datt mer eis awer iw- werall eens goufen.

Et sinn eng ganz Rei Ännerungen an d’Rapporteren hunn déi elo grad in extenso virgestallt. Ech ginn also just op wierklech e puer eenzel Aspekter an an et ass och wichteg, datt mer déi haut stëmmen, wann e Samsden dann déi nei Constitutioun och schonn a Kraaft trëtt.

Ech hunn et op dëser Plaz schonn eng Kéier gesot: D’Chamber an hir Deputéiert brauche kloer Reegelen. Net nëmme kloer, mee se mussen och transparent a verständlech sinn, well nëmmen esou kënne mer gutt fonctionéieren, an nëmme wann d’Chamber gutt fonctionéiert, kënne mer alleguerte gutt zesumme- schaffen. An dëst, wa mer soen „zesummeschaffen“, dann ass dat als Institutioun, a mir alleguerte si jo en Deel vun enger gréisserer Institutioun am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger hei am Land.

Iwwer verschidden Inhalter gouf dës Woch schonn op anere Plaze geschwat, zum Beispill iwwert d’Véri- fication des pouvoirs. Ech probéieren dofir, dat net nach eng Kéier am Detail opzewerfen.

Ech wëll awer op zwou Saachen agoen: Dat Éischt ass den Accès op Informatioune fir d’Deputéiert. Duerch den Arrêt, deen ech erkämpft hu viru Geriicht, gouf den Deputéiertenaccès zwar schonn zënter enger gewësser Zäitchen accordéiert, d’Verankerung dovun- ner an der Verfassung an och nach eng Kéier duerch dës Upassung vum Reglement waren awer e wichtege Schrëtt, fir d’Rechter op Informatioune vun eis alle- guerten ze stäerken. An dat ass wichteg fir eng trans- parent Aarbecht vun den Deputéierten hei an der Chamber an e richtege Contrôle vun der Action gou- vernementale.

An ech fannen et ëmsou méi schlëmm, léif Kolleegin- nen a Kolleegen, datt d’Regierung, déi sech schonn eng Kéier um Verwaltungsgeriicht eng bluddeg Nues geholl huet, andeems se behaapt huet, datt d’Chamber en Tiers par rapport à l’État wär an dat vum héchste Verwaltungsgeriicht ëm d’Ouere geschloe krut, elo schonn nees a mengem neie Recours wéinst den Impf- kontrakter erëm argumentéiert, en Deputéierte wär en Tiers par rapport à l’État.

Ech hoffen, an ech kann Iech elo scho verspriechen, datt ech déi nämmlecht Demanden, wou ech am Mo- ment ënnert där aler Verfassung an ënnert där aler Rechtsbasis kloen, och direkt den 1. Juli – Här Presi- dent, Dir kënnt Iech schonn op mäi Courrier freeën – nach eng Kéier déi nämmlecht Demande ënnert der neier Verfassung wäert maachen. An ech wäert och drop bestoen, datt déi zwou Prozedure gläichzäiteg oprechterhale ginn!

Mir sollen alleguerten am Interêt vum Land, vun de Biergerinnen a Bierger hei zu Lëtzebuerg schaffen. An dozou gehéiert op béide Säite vun dësem Haus d’Kon- troll vun der Regierung. Wann eppes schifgeet, da si mir u sech déi, déi un d’politesch Verantwortung mussen appelléieren. Da si mir déi, déi musse kontrolléieren, ob politesch Verantwortung geholl gouf. Dat heescht net, datt mer Hexejuegte maachen. Dat heescht net, datt mer zu Hexeverbrennunge kommen. Dann heescht et, datt mer konkreet de Fanger do an d’Wonn leeën, wou eppes schifgeet, parteiiwwergräifend. A wann eppes schifgeet, da solle mer dat och kënnen denoncéieren. A fir datt mer et kënnen denoncéieren, musse mer den Accès zu den Informatiounen hunn, an dofir freeën ech mech ganz staark doriwwer, datt mer dat haut nach eng Kéier mat den Ännerungen am Règlement besser verankeren.

Déi zweet Modifikatioun, jo, dat ass de Registre de transparence an iwwert d’Intérêts financiers an d’Conflits d’intérêts. Och hei ass et wichteg, de Bierge- rinnen a Bierger dobausse kloer ze signaliséieren, datt déi vun hinne gewielte Vertriederinnen a Vertrie- der sech un eng Rei Reegele mussen halen. An ech kann et hei ganz kloer soen: D’Chamber huet strikt Reegelen a mir kréien näischt rembourséiert, wat net direkt en ligne mat eisem Mandat steet!

Au contraire zu Regierungsmembere gëtt et hei keng zousätzlech Remboursementer fir Iessen oder Ver- këstegungen. D’Chamber rembourséiert emol hei- ansdo den Taxi vun A op B, a fir de Rescht kréie mer eis Indemnitéit, déi am Gesetz kloer gereegelt ass. Et gëtt also heibanne wéineg Potenzial fir Abus. An ech mengen, datt sech aner Institutioune vu Lëtzebuerg och e Bild, jo, e Beispill un der Chamber kéinten hue- len.

Ech stelle fest, datt mer mat deenen heiten Ännerun- gen hoffentlech dat Vertrauen an d’Institutioun Cham- ber nach eng Kéier stäerke kënnen. Mir gesinn, wa mer d’Sondagë kucken, datt d’Vertrauen an d’Institu- tiounen insgesamt sech net verbessert. An et ass un eis, fir exemplaresch ze sinn. Et ass un eis, fir kloer op Interessekonflikter hinzeweisen, en amont, an net eréischt vun anere mat der Nues drop gestouss ze ginn.

Dat gesot, mengen ech, datt et gutt ass, datt mer déi heiten Ännerunge maachen, och wann ech perséin- lech aus Transparenzgrënn méi wäit géif goen. Ech weess awer, datt ech domadder eng minoritär Posi- tioun vertrieden. Dat ass an enger Demokratie hei- ansdo esou, datt een eng minoritär Positioun vertrëtt. Ech géif mer awer wënschen, datt mer an deenen nächste Joren net do stoebleiwen, wou mer haut sinn, mee datt mer wierklech dru schaffen, d’Chamber nach méi transparent ze maachen, eis Aarbecht do- duerch och an eng besser Luucht ze setzen an deem- entspriechend och all Doute aus dem Wee ze raumen. Dat gëtt nämlech vun eis alleguerten heibannen erwaart an deem musse mir och da Rechnung droen.

Ech kéint elo nach iwwer all déi technesch Detailer schwätzen. Ech erspueren Iech dat, dat hunn d’Rap- portere virdrun exzellent gemaach, an ech kann Iech den Accord vun de Piraten zu alle Projete matdeelen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an