Allocation de vie chère – Gewerkschaft beschwéiert sech iwwert verlueren Dossieren

D’Allocation de vie chère vum FNS gëtt, wéi aus dem Commentaire vum Rapport d’Activité 2018 vum FNS ervirgeet, vu Gemengen an aner Institutiounen heefeg als Grondlag genotzt, fir ähnlech Prestatiounen auszebezuelen. Am Rapport heescht et konkret:
“La décision quant à l’octroi de l’allocation sert souvent comme condition d’attribution d’autres prestations similaires payées par les administrations communales et autres institutions (Rapport d’activité 2018, FNS, p. 30).”
Vun 2014 op 2018 sinn d’Zuele vun den Demandë fir eng Allocation de vie chère beim FNS relativ stabil bliwwen, wärend et grouss Variatioune bei der Unzuel u Beneficiaire gouf.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement der Famillieminstësch dës Froe gestallt:

  • Wat sinn d’Grënn fir déi grouss Diskrepanz tëscht der Unzuel vun Demanden an der Unzuel vun de Beneficiairen?
  • An deene leschten Deeg hu Gewerkschaftler sech beschwéiert, datt anscheinend méi Dossiere wéi soss üblech net beim FNS ukomm wieren. Wéi vill Reklamatioune krit den FNS pro Joer, well Dossiere verluer goungen?
  • Wéi eng Prozedur huet den FNS, fir de Betraffenen am Fall vun engem verluerenen Dossier ze hëllefen?
  • Här Wirtschaftsminister, wéi héich ass den Taux vu Bréiwer, déi bei der Post pro Joer verluer ginn oder esou beschiedegt ginn, dass se net méi zougestallt kënne ginn?
  • Kann et virkommen, datt Bréiwer opgrond vu mangelndem Porto net zougestallt ginn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt